© SIP/Claude Piscitelli
Léif zukünfteg Studentinnen a Studenten,
Et ass mir eng grouss Freed, mech am Kader vun der Verëffentlechung vum neien Internetsite fir zukünfteg Studentinnen a Studenten, ausgeschafft vun der ACEL, un Iech ze riichten.
Dësen Internetsite ass d’Resultat vum laangjäregen Engagement vun der ACEL fir d’Begleedung vun (zukünftege) Studenten a stellt eng wäertvoll Ressource duer fir all déi, déi wëllen de Schratt a Richtung Héichschoulstudie maachen – sief et zu Lëtzebuerg oder am Ausland.
Ech wëll d’ACEL an d’Studentecercelen ausdrécklech fir hir aussergewéinlech Aarbecht luewen. Si spillen eng zentral Roll an der Ënnerstëtzung vun de Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten.
Dëst Joer markéiert eng wichteg Etapp fir de Guide du futur étudiant: Fir d’éischte Kéier gëtt dëse komplett digital ugebueden, andeems aus dem fréiere Guide du futur étudiant den Internetsite studenteguide.lu entstanen ass. Dës Entwécklung freet mech ganz besonnesch, well se zum enge voll a ganz der Strategie vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul entsprécht, fir d’Informatioun méi modern an accessibel ze maachen, a well ech zum aneren och Ministesch fir Digitaliséierung sinn. Mat der digitaler Versioun kritt Dir Zougang zu aktualiséierten, un Är Besoinen ugepassten Donnéeën, egal wou Dir sidd an zu all Zäitpunkt. Gläichzäiteg gëtt domat och aktiv den digitale Wandel an d’neit Medieverhale vun Ärer Generatioun ënnerstëtzt.
De Wiessel vum Secondaire an den Héichschoulberäich ass eng spannend Erausfuerderung, déi awer och vill Froe mat sech bréngt: A wéi engem Beräich wëll ech studéieren? A wéi engem Land an op wéi enger Universitéit? Wéi eng Demarchë muss ech maache fir mech unzemellen? Den Internetsite studenteguide.lu beäntwert dës Froen a begleet Iech op all Etapp vun Ärem Parcours. Dir fannt do wichteg Informatiounen iwwer administrativ Prozeduren, finanziell Hëllefen, d’Studenteliewen an nëtzlech Kontakter, fir Äre Studium mat de beschte Viraussetzungen unzefänken.
Ech encouragéieren Iech, dësen Internetsite mat Virwëtz an Ambitioun ze entdecken. Traut Iech Froen ze stellen, Chancen ze ergräifen an Äre perséinleche Wee ze goen. Dir drot dozou bäi, Lëtzebuerg als Zentrum fir Innovatioun an Talenter ze stäerken. De Ministère fir Fuerschung an Héichschoul freet sech, fir Iech op dëser schéiner an opreegender Rees ze ënnerstëtzen.
Ech wënschen Iech vill Erfolleg an Erfëllung op Ärem akademesche Wee!
Stéphanie Obertin
Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul


