Wéi scho virdrun erkläert, soll een sech als Jonken, wann ee mat der Uni fäerdeg ass, direkt bei der ADEM umellen. Dëst gëllt awer och, soubal ee säi Job verléiert.
All d’Informatiounen zur ADEM fënns du op hirem Site.
Wat si meng Virdeeler,
wann ech mech bei der ADEM mellen?
Eng Umeldung bei der ADEM erméiglecht dir:
Ënnerstëtzung an Orientéierung duerch d’ADEM bei der Sich no enger Aarbecht ze kréien
Vun de Servicer vun der ADEM ze profitéieren
Reegelméisseg Hëllef vun engem:enger Beroder.in vun der ADEM ze kréien
Chômage ze kréien, falls du d’Konditiounen erfëlls, an doduerch och weiderhi sozialverséchert ze sinn.
Wéini kréien ech Chômage?
Am Fall wou d’Aarbechtsverhältnis ouni Schold vum:vun der Salarié:eop en Enn geet, huet dësen, ënner verschiddene Konditiounen, d’Recht op Chômage. Och als frësch Diploméierte kanns du heivunner profitéieren.
Fir Chômage kënnen ze kréien, muss du:
Ouni eege Schold deng Aarbecht verluer hunn
Zu Lëtzebuerg wunnen
Tëschent 16 a 64 Joer al sinn
Aarbechtsfäeg a prett fir ze schaffe sinn
Op der ADEM als Demandeur d’emploi ageschriwwe sinn
Minimum 26 Woche vun deene leschten zwielef Méint geschafft hunn.
Eis Websäit benotzt Cookies fir d'Erfarung besser ze maachen.
Funktional
Always active
The technical storage or access is strictly necessary for the legitimate purpose of enabling the use of a specific service explicitly requested by the subscriber or user, or for the sole purpose of carrying out the transmission of a communication over an electronic communications network.
Preferences
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
Statistics
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.The technical storage or access that is used exclusively for anonymous statistical purposes. Without a subpoena, voluntary compliance on the part of your Internet Service Provider, or additional records from a third party, information stored or retrieved for this purpose alone cannot usually be used to identify you.
Marketing
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.