Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten
Drécken

Gewerkschaften

Zu Lëtzebuerg gëtt de:d‘Salarié:e op zwee Niveaue representéiert: de fräiwëllegen an den obligatoreschen.

Zu Lëtzebuerg sinn d’Syndicaten op fräiwëlleger Basis. Déi wichtegst Confederatioune sinn d’CGFP, d’FNCTTFEL, den OGBL, den LCGB, d’FGFC an d’ALEBA.

Gewerkschaften a Kollektivverträg

D’Gewerkschaften hunn d’Recht, e Kollektivvertrag ofzeschléissen. Et handelt sech hei ëm e Kontrakt iwwert d’Aarbechtskonditiounen an d’Relatiounen, deen tëschent de Vertrieder vun de Salariéen an de Patronen, oder de Vertrieder vun de Patronen, ënnerschriwwe gëtt. All Konventioun, Aarbechtsvertrag, internt Reglement oder aner Bestëmmung, déi ofgeschloss gëtt an net mam Gesetz oder de bestoende Kollektivvertrag iwwertenee stëmmt, ass net gülteg, ausser se ass favorabel fir d’Salariéen.

Muss ech an eng Gewerkschaft goen?

Nee, zu Lëtzebuerg ass d’Affiliatioun bei enger Gewerkschaft fräiwëlleg.

ALEBA – Luxembourg Association for all Employees with a need for Assistance

  • 29, av. Monterey L-2163 Lëtzebuerg 
  • B.P. 325 L-2013 Lëtzebuerg 
  • Tel.: (+352) 22 32 28 – 1
  • E-Mail: info@aleba.lu 
  • Internetsäit: www.aleba.lu

CGFP – Confédération Générale de la Fonction Publique

  • 488, route de Longwy L-1940 Luxembourg 
  • Tel.: (+352) 26 48 27 27 
  • E-Mail: cgfp@cgfp.lu 
  • Internetsäit: www.cgfp.lu

FGFC – Fédération Générale de la Fonction Communale

  • 66, rue Baudouin L-1218 Luxembourg 
  • Tel.: (+352) 40 77 20 – 1
  • E-Mail: fgfc@fgfc.lu 
  • Internetsäit: www.fgfc.lu

OGBL/FNCTTFEL – Syndikat Eisebunnen

  • 63, rue de Bonnevoie L-1260 Lëtzebuerg 
  • Tel.: (+352) 48 70 44 – 1
  • E-Mail: info@landesverband.lu 
  • Internetsäit: www.landesverband.lu

LCGB – Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond

  • 11, rue du Commerce 
  • B.P. 1208 L-1012 Lëtzebuerg 
  • Tel.: (+352) 49 94 24 – 222  
  • E-Mail: infocenter@lcgb.lu 
  • Internetsäit: www.lcgb.lu

OGB-L – Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg

  • B.P. 149 L-4002 Esch-Uelzecht 
  • Tel.: (+352) 54 05 45 – 1
  • E-Mail: ogbl@ogbl.lu 
  • Internetsäit: www.ogbl.lu
Inhalt