Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten
Drécken

Studenteprêt – Spuerkeess

De Studenteprêt vum « Service Aides financières » bei der Spuerkeess

Hei zu Lëtzebuerg studéieren oder an d’Ausland goen: Egal wéi s du dech entscheet hues, du hues e Recht op eng Studentebourse an och op e Studenteprêt! Wann s du dech frees, wéi dat genau mam Prêt funktionéiert, ab wéini a wéi een en zréckbezilt an zu wéi engem Taux, dann ass dësen Artikel fir dech.

De Prêt zréckbezuelen

  • De Prêt besteet aus 6.500 € (3.250 € pro Semester). D’Tauxe variéieren oft, mee de Lëtzebuerger Staat garantéiert dir en Taux vu maximum 2%. Dat heescht, wann z. B den Taux op 3% sollt klammen iwwerhëlt de Staat d’Differenz.
  • D’Zënse ginn op de Montant vum Prêt gerechent a sinn all Semester fälleg. Du fänks un, däi Studenteprêt zwee Joer nom Schluss vun denge Studien zréckzebezuelen, an du hues ab dann maximal zéng Joer Zäit, fir déi ganz Zomm zréckzebezuelen. Du kanns awer och schonn éischter ufänken, wann s du wëlls a kanns!
  • Fir vum Studenteprêt kennen ze profitéiere muss du net méi an eng Agence goe, mee du kanns deng Demande zu 100% online maachen. Maach als éischt deng Demande beim « Service Aides financières » via guichet.lu. Wann däin Dossier accordéiert ass, kriss du e Bréif mat engem QR Code geschéckt. Wann s du dee QR Code mat der S-Net Mobile App scanns oder an d’App eropluets, kriss du d’Suen op däi Compte courant iwwerwisen.
  • Méi Infoen an Tipps fënns du op www.spuerkees.lu/pret-detudes. 

Du kanns och: 

  • E Rendez-vous op enger Agence ufroen,
  • Mat Spuerkeess Direct per Telefon ënnert der Nummer (+352) 4015-1, respektiv per E-Mail iwwer d’Adress sdi@spuerkees.lu, kontaktéieren.
Inhalt