Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten
Drécken

Stagen

Stagen zu Lëtzebuerg

Den 21. Mee 2020 gouf d’Stagegesetz gestëmmt. Doduerch, dass d’Chamber dëst Gesetz ugeholl huet, huet se de Stagen zu Lëtzebuerg endlech eng legal Basis ginn. Dëst Gesetz reegelt, ënnert wat fir enge Konditioune Stagen zu Lëtzebuerg kënne gemaach ginn. Am Kader vum neien Héichschoulgesetz 2023 koum et dunn zu enger éischter Upassung.

Ënnerscheet gëtt dobäi tëschent zwou Kategorien, nämlech de konventionéierte Stagen (Stages conventionnés), déi een am Kader vu senger Formatioun maachen muss, an de praktesche Stagen (Stages pratiques), déi ee fräiwëlleg mécht.

Stagëkonventioun

Och nei ass d’Aféiere vun enger Stagëkonventioun (Convention de stage). Dëst Dokument ass obligatoresch fir Stagen, déi zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Bei de Stagen, déi am Kader vun enger Formatioun gemaach ginn (Stages conventionnés), muss dëst Dokument vum Stagiaire sengem Patron a vun der Uni/ Héichschoul ënnerschriwwe ginn. Fir praktesch Stagë muss natierlech just dem Patron an dem Stagiaire hir Ënnerschrëft op dësem Dokument stoen.

Déi genau Informatiounen, déi an dëser Konventioun mussen drastoen, an eng Beispill-Konventioun fir praktesch Stagen, zur Verfügun gestallt vun der Chambre de Salarièrs, fënns du hei :

Wichteg ze wëssen ass och, datt s du als Student net einfach e:eng Salarié:e op der Stageplaz ersetzen däerfs, zum Beispill wann dës Persoun am Congé ass. E Stage däerf net dozou déngen, eng regulär Aarbechtsplaz ze ersetzen. Ausserdeem ass et obligatoresch, datt s du en Tuteur oder eng Tutrice hues, deen dech wärend dem Stage encadréiert an als Ulafstell fir Froen déngt. Des Weidere bass du als Student ëmmer accidentverséchert, och wann de Stage net bezuelt ass.

Am Fall vu Problemer oder Ongerechtegkeeten ass d’ITM (Inspection du travail et des mines) zoustänneg, fir d’Konditioune vun dengem Stage ze kontrolléieren. Du kanns dech also bei Problemer, zum Beispill am Fall vun engem Verdacht op Ausnotzung, zu all Moment un si wenden. 

Bezuelung

Hei gëtt zwëschent obligatoreschen a fakultative (praktesche) Stagen ennerscheed.

Obligatoresch Stagë vun der Universitéit oder Héichschoul mussen ab enger Dauer vu 4 Woche mat 30% vum Mindestloun remuneréiert ginn.

Praktesch Stagen ab enger Dauer vu 4 Woche bis 3 Méint gi mat 40% vum Mindestloun bezuelt Praktesch Stagë mat méi wéi 3 Méint gi mat 75% vum Mindestloun bezuelt.

Praktesch Stagen dierfe maximal eng Dauer vu 6 Méint beim selwechte nämmlechte Patron hunn. 

Zousätzlech gi Stagen, déi innerhalb vun engem akademesche Joer beim selwechte Patron stattfannen, esou bezuelt wéi wann se ee ganz wieren. Dat heescht konkret, datt wann een en zweete Stage mëscht, ee réckwierkend muss fir den éischten entlount ginn.

D’Indemnisatioun bezitt sech op de Mindestloun (S.S.M) deen zum Moment vum Stage festgeluecht ass. Wann een nom erfollegräichen Ofschloss vun engem éischten Zyklus vun enger Héichschoul, e praktesche Stage mécht, gëtt als Referenz de Qualifizéierte Mindestloun geholl.

Wichteg ass och ze ernimmen, datt et d’Méiglechkeet gëtt, eng Ausnam beim Aarbechtsministère unzefroen, fir net bezuelt ze ginn. Dëst ass heiansdo eng Conditioun vun der Uni oder Héichschoul, besonnesch am Kader vu bestëmmte Stagen.

An deem Fall kann een eng sougenannt „exonération d’indemnisation“ ufroen. Dobäi ass et ganz wichteg ze wëssen, datt dës Demande vum Student selwer muss gemaach ginn an net vum Patron. Wann de Patron d’Ufro areecht, gëtt se automatesch refuséiert.

Stagen tëscht dem 1. an 2. Zyklus

Weider zwee Punkten déi wichteg ze nennen sinn, sinn éischtens, dass Sagen tëscht dem Bachelor (Zyklus 1) a Master (Zyklus 2) weiderhi méiglech si. Heifir ass zwar just ee Joer virgesinn. Ab dem Zäitpunkt vum Bachelordiplom huet een also ee Joer laang d’Méiglechkeet Stagen ze maachen. Allerdéngs däerf een net méi wéi sechs Méint Stage am Ganze maachen. Dëst gëllt och, wann een e Stage nom Ofschloss am Lycée wëll maachen éier een op der Universitéit/ H,éichschoul ufänkt.

An zweetens, wann ee säi Masterdiplom bis an der Täsch huet, däerf een zu Lëtzebuerg kee Stage méi maachen, ausser, wann een an engem Bachelor- oder Masterstudium ageschriwwen ass a wärend senge Studien e Stage maache muss.

Weider Informatiounen

Verschidde Stagë falen net ënnert dëst Gesetz, well dës Stagë schonn an anere Gesetzestexter gereegelt sinn. Dobäi handelt et sech ëm obligatoresch Stagen am Kader vun der Formation professionnelle, Orientéierungsstagen a déi een am Lycée maache muss (Schnupperstagen).

Méi genau Informatiounen zum Stagegesetz fënns du hei :

Inhalt