Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten

ANELD

Missioun a Beschreiwung

D’ANELD (Association Nationale des Étudiants Luxembourgeois en Droit) riicht sech un all d’Lëtzebuerger Droitsstudent:innen, souwuel zu Lëtzebuerg ewéi och am Ausland. Zanter hirer Grënnung am Joer 1998 ass si mat aktuell ronn 500 Memberen déi eenzeg national Organisatioun, déi d’Interesse vun de lëtzebuerger Droitsstudent:inne vertrëtt.

An dësem Kader ass d’Associatioun op dräi Haaptniveauen aktiv: vis-à-vis vun de Lycéesschüler:innen, vis-à-vis vun den Droitsstudent:inne selwer, an als Vermëttler tëscht dësen an dem professionelle Milieu.

D’Lycéesschüler:inne begleet d’ANELD virun allem an hirer Orientatioun, andeems si dës iwwert den Droit, déi verschidde méiglech Studiegäng a Verbindung mam Droit an d’Stied wou een Droit ka studéieren informéiert, an hinnen d’Studium esou méi zougänglech mécht. Dofir ass d’ANELD op villen Informatiounsevenementer a verschiddene Schoulen, esou wéi op der traditioneller Studentefoire an dem Student fir 1 Dag vertrueden, an organiséiert och neierdéngs hiert eegent Evenement reng fir d’Schüler:innen déi um Droitsstudium interesséiert sinn: Droitsstudent fir een Dag.

Fir hir Memberen organiséiert d’ANELD reegelméisseg Evenementer an de verschiddene Studentestied, wéi zum Beispill zu Paräis, Bréissel, Montpellier, Aix, Stroossbuerg, oder Lëtzebuerg, bei deenen d’Droitsstudent:inne sech an enger flotter Ambiance kenneléiere kënnen. Virun allem dierft de Gala de Droit en Highlight sinn, wou souwuel d’Lëtzebuerger Droitsstudent:inne vun allen Universitéiten ewéi och verschidden Alumni zesummekommen, fir den Ofschloss vum akademesche Joer ze feieren.

Doriwwer eraus erméiglecht d’Associatioun Visitte vu verschiddene juristeschen a politeschen Institutiounen, ewéi zum Beispill der Cité judiciaire, dem Europäesche Geriichtshaff, der Chambre des Députés, dem Conseil d’État oder dem Centre Pénitentiaire, a probéiert de Student:innen éischt Immersiounen unzebidden, notamment duerch d’Organisatioun vum Concours de Plaidoiries.

D’ANELD iwwerhëlt awer och de Rôle, hire Membere beim Astig an d’Beruffsliewen ze hëllefen, andeems si dank hire Partneren a Sponsoren aus dem professionelle Milieu reegelméisseg Offere vir Stagen an Aarbechtsplazen un d’Student:inne weider gëtt, an un der Organisatioun vu Begéinungen mat den Haaptemployeure bedeelegt ass. Besonnesch erfollegräich ass an dem Kontext den ANELD Career Day, déi gréisste lëtzebuerger Recrutementsfoire déi exklusiv un d’Droitsstudent:inne geriicht ass, an op där all Joer déi wichtegst Employeuren aus dem Secteur vertruede sinn.

Der Associatioun hir Missioun geet awer nach doriwwer eraus, nämlech suergt si fir eng institutionell Representatioun bei den nationale politeschen Acteuren, notamment duerch eng alljärlech Entrevue mat der Justizministesch. Genee esou schafft si och Avisen zu Gesetzespropositiounen a -projete mat engem Bezuch op den Droitsstudium an den Zougang zu de juristesche Beruffer aus, an dréit domat zum nationale Gesetzgebungsprozess bäi.

Aktivitéiten

  • Droitsstudent fir 1 Dag
  • Pots de bienvenue an Aperoen an de verschiddene Studentestied
  • Fouerpatt
  • Gala de Droit
  • ANELD Career Day
  • Concours de plaidoiries
  • Alljährlech Visitte vu verschiddenen Institutiounen (Cité judiciaire, Europäesche Geriichtshaff, Chambre des Députés, Conseil d’État, Centre Pénitentiaire, asw.)

Publikatiounen

Inhalt