Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten

ALSEP

Missioun a Beschreiwung

Wat ass d’ALSEP?

D’ALSEP (Association Luxembourgeoise Socio-Éducative et Pédagogique) ass am Dezember 2024 an d’Liewe geruff ginn. Et handelt sech ëm ee fachspezifesche Cercle, deen all méiglech Studiegäng aus pädagogeschen, edukativen a soziale Beruffsrichtungen verbënnt. 

D’ALSEP huet als Zil d’Student:innen aus deenen uewe genannte Beräicher mateneen a Kontakt ze bréngen an een Austausch ze erméiglechen. Ausserdeem ënnerstëtzt d’ALSEP d’Schüler:innen an hirer Studiewal a bei Froe, wéi och zum Iwwergang an d’Beruffsliewen.

Et kann een sech mat all senge Froen zum Thema Studium oder Beruffsliewe bei eis mellen déi ënnert Bildung, Erzéiung a Sozialberäich falen. Et kënne Froen zum Studium a Lëtzebuerg oder am Ausland sinn, sou wéi iwwert d’Unerkennung vum Diplom oder och zum Thema Exame fir an de Beruff ze starten.

Aktivitéiten

  • Visitten
  • Informatiounsversammlungen
  • Ausfluch op d’Didacta
  • Events (Bowling, Quiz-Owend, Schueberfouer, …)
  • Präsenz op ACEL-Events: Studentefoire, Sf1D, De Studentebal
  • Präsenz op Studieninformatiounen an Orientatiounsdeeg an de Lycéeën

Publikatiounen

Inhalt