Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten
Drécken

CMCM

Follgend Informatioune bezéien sech op eng Affiliatioun bei der CMCM

Déi gréisst Mutuelle zu Lëtzebuerg, déi keng Assurancëgesellschaft per se ass, ass d’Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste (CMCM). D’CMCM gëllt als Zousaz zu der gesetzlech virgeschriwwener Krankeversécherung a kënnt bei wichtege medezineschen Agrëffer, Zänndokterkäschten a Spidolsopenthalter zu Lëtzebuerg souwéi am Ausland zum Asaz.

D’CMCM-Assistance ass gratis am Basispak mat abegraff a bitt Hëllef am Fall vun enger Erkrankung oder engem Accident am Ausland. Bei engem Spidolsopenthalt am Ausland ass een weltwäit bis zu 100.000 € ofgeséchert. De Rapatriement op Lëtzebuerg souwéi d’Biergungskäschte si komplett ofgedeckt. Ausserdeem ass och eng Reesrécktrëttsversécherung am Basispak mat abegraff.

Wann een d’Garantie PRESTAPLUS ofgeschloss huet, iwwerhëlt d’CMCM ënner anerem d’Käschte fir en Eenzelzëmmer am Spidol, d’Dokterhonorairen an d’präventiv Medezin. Zousätzlech ginn et och nach d’Garantie DENTA- an OPTIPLUS, déi en Deel vun de Käschte fir Zänndokterbehandlungen, Zännimplantater, Zännspangen, Brëller, Kontaktlënsen an refraktiv Chirurgie iwwerhuelen.

Student:innen, déi wärend hirem Studium am Ausland ambulant behandelt musse ginn, kënnen der CMCM eng Kopie vun der bezuelter Rechnung zesumme mat der Ofrechnung vun der Gesondheetskeess schécken, fir e Remboursement unzefroen. Fir onnéideg administrativ Demarchen ze vermeiden, kann dat och ganz einfach iwwer d’CMCM-App gemaach ginn. Deen Deel vun de Käschten, deen no der Gesondheetskeess nach ze droe bleift, gëtt vun der CMCM iwwerholl.

All Jobstarter:in, deen iwwert seng Elteren bei der CMCM affiliéiert war a sech duerno selwer umellt, kritt dat lafend Joer an dat Joer drop vun der CMCM geschenkt.

Inhalt