Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
    • Artikelen demnächst
< All Sujeten
Drécken

Wunningssich

Wann s du méi wäit ewech vu Lëtzebuerg studéiers, brauchs du eng Wunneng. Du hues d’Méiglechkeet, an e Student:innenwunnheem ze goen oder en Appartement bzw. e Studio ze lounen. Heibäi ginn et eng Rei Saachen, déi s du dofir wësse solls!

Wéi fënnt een am beschten eng Wunneng?

Et gi verschidde Méiglechkeeten, eng Wunneng ze fannen. Hautdesdaags geet dëst am beschten iwwer Internetsäiten oder iwwer Facebook, wou een och eng Rei Gruppe vu Lëtzebuerger Student:innen am Ausland fënnt, déi engem bei der Wunnengssich weiderhëllefe kënnen. Vill Student:inne maachen an dëse Facebookgruppen op hir Wunneng, déi fräi gëtt, opmierksam. Oft ass et esou, dass verschidde Wunnenge vu Lëtzebuerger:innen un aner Lëtzebuerger:inne weiderverlount ginn. Natierlech besteet och d’Méiglechkeet, sech direkt bei Immobilienagencen ze mellen.

Wann s du méi genau wëlls wëssen, wéi s du an denger Studiestad eng Wunneng kanns fannen, da kuck dir eis Artiklen an der Rubrik Studielänner un.

Wat ass am Loyer mat abegraff?

Wann s du d’Präisser vun de Wunnenge vergläiche wëlls, dann denk drun, ze berécksiichtegen, wat alles am Loyer mat abegraff ass. Oft mengt een, eng Wunneng wär méi bëlleg, mee da stellt sech eraus, dass et sech dobäi awer ëm e Präis ouni Niewekäschten (wéi Waasser, Stroum, Liftfraisen, etc.) handelt. Fro also onbedéngt bei dem:der Proprietär:in, respektiv bei der Agence no, wat alles am Präis mat abegraff ass.

Oft ass et esou, dass de Stroum net am Loyer mat abegraff ass. Du kriss also vum Stroumbedreiwer eng extra Rechnung heemgeschéckt, déi s du da bezuele muss. Dëst ass just eng Virschreiwung an ass soumat net dat, wat s du tatsächlech verbraucht hues. Eemol d’Joer kriss du dann eng Ofrechnung, wou s du entweder nobezuele muss (wann s du méi verbraucht hues) oder Suen zréckkriss (wann s du manner verbraucht hues). Och d’Internet- an d’Televisiounskäschte sinn an deene meeschte Fäll net am Loyer mat abegraff. Du muss dir also en Internet-/Televisiounsubidder eraussichen a mat deem e Kontrakt ofschléissen.

Wéi eng Begrëffer muss ech kennen?

Biergschaft

Verschidde Proprietär:inne verlaangen eng sougenannte Biergschaft, well een als Student:in nach kee fest Akommes huet. Heibäi handelt et sech ëm eng Persoun, déi garantéiert, dass de Loyer fir d’Wunneng bezuelt gëtt. Falls du däi Loyer also net bezils, muss déi Persoun, déi fir dech biergt, dësen iwwerhuelen. Ween dës Persoun ass, gëtt meeschtens am Kontrakt festgehalen. Bei Student:innen handelt et sech meeschtens ëm d’Elteren. D’Bierger:inne mussen de Kontrakt dann och mat ënnerschreiwen.

E wichtege Begrëff, deen s du bei denger Wunnengssich kenneléiere wäerts, ass d’Kautioun. Wann s du eng Wunneng louns, verlaangt de:d’ Proprietär:in eng Kautioun. Et handelt sech ëm eng Zomm Suen (de Montant muss am Kontrakt festgehale sinn), déi s du un de:d’ Proprietär:in bezuele muss. Dës Suen dierf de:d’ Proprietär:in awer net ausginn, meedéi ginn op d’Säit geluecht. Entwederiwwerweis du dem:der Proprietär:in selwer d’Kautioun oder d’Sue ginn op engem Bankkont blockéiert (garantie bancaire locative). Ob elo dat eent oder anert zoutrëfft, hänkt vu Fall zu Fall of. Falls du däi Loyer net bezils oder eppes an der Wunneng futti méchs,gëtt dëst vun denger Kautioun ofgehal. Wann alles an der Rei ass, kriss du deng Kautioun zeréck, wann s du erëm aus der Wunneng erausplënners. D’Kautioun entsprécht normalerweis zwee bis dräi Loyeren.

Bei Wunnengen, déi iwwer eng Immobilienagence vermëttelt ginn, muss ee meeschtens eng Provisioun (bzw. Frais-d’agencen) bezuelen. Dës Sue kritt een net zeréck, mee se déngen dozou, d’Agence fir hir Déngschtleeschtungen ze bezuelen. Wichteg ass, dass d’Provisiouneréischt bei erfollegräicher Vermëttlung ze bezuelen ass. D’Wunnengsbesichtegunge sinn ëmmer gratis: Du muss d’Agence eréischt bezuelen, wann s du e Kontrakt ofgeschloss hues.

An Däitschland ass et oft esou, dass de Vermieter eng sougenannt SCHUFA-Auskunft vun dir verlangt. Déi Auskunft kann dem Vermieter versécheren, dass du respektiv deng Eltere genuch verdéngen fir d’Wunneng all Mount ze finanzéieren. Et ass awer sou, dass een ouni en däitsche Konto keng SCHUFA-Auskunft ka kréien an een an dësem Fall dem Vermieter op aner Aart a Weis muss beweisen, dass een eng Wunneng ka finanzéieren. Oft gëtt sech de Vermieter mat Gehaltziedelen zefridden, déi beweisen dass pro Mount genuch Geld zur Verfügung steet.

Wann s du eng Wunneng louns, kënns du och mam Begrëff „Etat des lieux“ oder „Wohnungsübergabe“ a Kontakt. Heibäi handelt et sech ëm Besichtegungen, déi s du nach emol maache muss, éier s du deng Schlëssele kriss. Hei gëtt en Tour duerch d’Wunneng gemaach a sech alles ugekuckt. Et gëtt am Kontrakt (oder an engemextraen Dokument) notéiert, wann iergendeppes net funktionéiert (de Schäffchen, e Luuchteschalter, e Krunn, etc.) oder wann iergendwou eng Téitsch oder e Fleck an der Mauer oder am Buedem ass. Denk drun, hei alles gutt ze kontrolléieren, net dass du dono dofir opkomme muss, wann s du erëm erausplënners. Denk och drun, dass alles, wat am ënnerschriwwene Kontrakt mat der Hand bäigefüügt gëtt, nach emol ënnerschriwwe muss ginn (hei geet eng Paraph duer). Am beschten ass och, wann s du vun allem Fotoe méchs, fir op Nummer sécher ze goen.

Zum Schluss vun dengem Kontrakt, also wann s du aus der Wunneng erausplënners, gees du nach emol mat dem:der Proprietär:in (oder engerPersoun vun der  Agence) duerch d’Wunneng. Hei gëtt da gekuckt, ob an der Wunneng alles an der Rei ass. Falls iergendeppes net méi funktionéiert oder futti ass, dierf de:d’ Proprietär:in de Reparatiounspräis vun der Kautioun, déi s du bezuelt hues, ofrechnen.

Wéi kréien ech dann elo meng Saachen a meng nei Wunneng?

Wann s du an deng Studiestad plënners, wëlls du sécherlech eng Rei Saache vun doheem mathuelen. Eventuell hues du jo och schonn e puer Miwwelen, déi s du mat an deng nei Wunneng huele wëlls. Schnell ass do den Auto net méi grouss genuch an et muss ee puer Mol de Wee an d’Unisstad fueren. Dëst ass alles anescht wéi praktesch, zemools wann een net grad ëm den Eck studéiert. Och wann ee keen Auto zur Verfügung huet, stellt sech d’Plënneren als extrem komplizéiert eraus.

Interessant ass et dofir beim ACL ClubMobil (Automobil Club) en Auto oder eng Camionnette ze lounen. Hei sinn eng Rei Autoskategorië souwéi och zwou verschidde Gréisste vu Camionnetten (6m³, 11,50 m³, 13 m³, oder 15m³) ze kréien. Als ACL-Member kann een hei vun ongeféier 25 % Remise profitéieren. Reservéiere kann een den Auto oder d’Camionnette ënner www.clubmobil.lu. Fir weider Informatioune kanns du dech beim ACL mellen:

Inhalt