Skip to main content

Deng Rees fänk elo un:

Du sëtz grad op der 2e oder 1ère an du weess nach net ganz genau wéi et nom Ofschloss weidergeet? Oder weess du souguer scho kloer wou et dech dono weiderzitt, just d’Bild ass nach relativ vage? Egal ob s du dir scho relativ oder guer net sécher bass: besich mat eis eng oder mei Stied, respektiv Fach/ Fächer, fir rauszefannen, wou s du däi Wee wëlls aschloen.

Och 2026 organiséiere mir an der Ouschtervakanz eng Period voller Informatioun, wou s du deng Froe beäntwert kriss. Vläicht souguer Froen déi s du bis elo nach net am Kapp haass?

Net just Stadsbeziefesch mee och Fachspezifesch Studentecerclen si mat vun der Partie: bei hinne fënns du eraus ob deng Virstellunge vum Studium sech verfestegen oder fënns du souguer eppes ganz Neies fir dech?

De Student fir 1 Dag ass eng eenzegaarteg Méiglechkeet, dech mat Student:innen sur Place an hirer Stad a matzendran am Studium auszetauschen a kriss sou eng Vue op d’Realitéit vum Liewen als Student:in.

Nach ëmmer net iwwerzeegt? Da komme mir mat Zuelen:

10 Fachspezifesch Cerclen hunn um Campus Belval d’Missioun dir hire Studium méi no ze bréngen an op är Froen ze äntweren.

Dësen Austausch am Kader vum Sf1D fënnt eng Kéier den 28. Mäerz an eng Kéier den 28. November statt.

24 Cerclë waarde gespaant op äre Besuch a si motivéiert fir mat iech ee flotten an informativen Tour duerch hir Unisstad ze maachen.

300 Schüler:innen stoungen och scho virum lancéiere vum offizielle Site op der Lëscht vun de Pré-Inscriptioune fir d’Umeldung op kee Fall ze verpassen.

Also op wat waarts du nach? Maach et sou wéi déi vill Schüler:innen scho virun dir a mell dech u fir de Student fir 1 Dag 2026. Mir freeën eis wéi all Joer dës Reesen ze begleeden a sti weiderhin iwwer Mail, sf1d@acel.lu , zu Verfügung.