Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten
Drécken

Studium mat Beanträchtegung

Info-Handicap : Wee si mir a wat maache mer ?

Info-Handicap – Conseil national des personnes handicapées ass déi zentral Ulafstell an den Nationale Rot fir Mënsche mat Beanträchtegungen.

Zënter 1993, representéiert Info-Handicap d’Rechter vu Mënsche mat Beanträchtegungen op nationalem an internationalem Niveau a bréngt déi betraffe Leit duerch seng méi wéi 60 Member-Associatiounen zesummen.

Eise Centre national d’information et de rencontre du handicap bitt Informatiouns- a Berodungsservicer un, entwéckelt Projeten am Beräich vun der Accessibilitéit, organiséiert Formatiounen a mécht Sensibiliséierungsaktivitéiten.

Eise Motto ass: ”Näischt iwwer eis, ouni eis!”. Mënsche mat Beanträchtegunge sinn aktiv an eisen Aktivitéiten a Projeten involvéiert. Eist Zil ass eng inklusiv Gesellschaft, déi keen zeréck léist. 

Jidderee kann Info-Handicap kontaktéieren! Mënsche mat oder ouni Beanträchtegung souwéi Familljememberen, Persounen aus dem Ëmfeld, Patronen, Fachleit aus dem Educatiounsberäich an all interesséiert Persoun.

Eis Missioun ass et do ze si fir Mënsche mat enger Beanträchtegung. Hiert Ëmfeld an all interesséiert Leit, an eng inklusiv Gesellschaft ze fërderen.

Info-Handicap, den nationale Rot fir Mënsche mat Beanträchtegungen, ass wéi follegt organiséiert :

Info-Handicap ass eng Associatioun déi de Moment méi wei 60 Member-Associatiounen huet. 

De Verwaltungsrot besteet aus Vertrieder vu senge Memberen. Hie gëtt vun de Membere gewielt an hëlt wichteg strategesch Entscheedungen.

D’Direktioun an d’Ekipp schaffe fir d’Entscheedunge vum Verwaltungsrot ëmzesetzen.

D’Aarbecht vun der Ekipp baséiert op véier Piliere

Informatioun a Berodung:

Mir informéieren a berode Mënsche mat Beanträchtegungen, hiert Ëmfeld an all déi, déi no Informatioun sichen (z.B. Aarbecht, Educatioun, Transport, Accessibilitéit, Tutelle a Curatelle,…)

Accessibilitéit :

Mir engagéieren eis fir Accessibilitéit an alle Beräicher vum Liewen (z.B. Infrastruktur, Digital, Tourismus, Kultur, Transport, Kommunikatioun,…)

Formatiounen :

Als ”Centre de formation continue agréé”, bidde mir Formatioune fir d’Ëffentlechkeet un, mam Zil, eng gutt Begéinung, Interaktioun a Kommunikatioun mat Mënsche mat Beanträchtegungen ze fërderen.

Sensibiliséierung:

Mir kommunizéieren iwwer all déi wichteg Aktivitéiten a Projete vun Info-Handicap, senge Memberen a senge Partner (z.B. an eiser Zäitschrëft ”De Bulletin”, op eiser Websäit an an eisem Newsletter ”Newsflash”). Mir organiséieren och Informatiouns-, Austausch- a Sensibiliséierungs-Evenementer.

 

Wien kann eis kontaktéieren ?

  • Mënsche mat Beanträchtegungen
  • Familljememberen a Leit aus dem Ëmfeld
  • Patronen a Aarbechtskolleegen
  • Professioneller aus verschiddene Secteuren (z.B. Gesondheet, Justiz, Medien, Educatioun,…)
  • All interesséiert Leit

Wéi kënne mer Iech hëllefen ?

Dir kënnt eis all Froen am Zesummenhang mam Thema Beanträchtegung stellen.

Mir kréie ganz oft Froen iwwer Aarbecht, Educatioun an Accessibilitéit. Eis Expertise erlaabt eis déi verschidde Prozeduren, Hëllefsmëttel, Servicer an existéierend Strukturen ze erklären.

Eist Zil ass et, eng komplett an ëmfaassend Informatioun ze bidden, fir de Leit ze erméiglechen, Entscheedungen ze treffen, déi hinne passend erschéngen – an dat a voller Kenntnis vun de Saachen. An e puer Fäll kënne mir och eng juristesch Consultatioun organiséieren.

Mir sinn do fir ze hëllefen: séier, einfach, individuell a vertraulech.

Wéi kënnt dir eis kontaktéieren ?

Telefon: 366 466

E-Mail: info@iha.lu

Op der Plaz: mat Rendez-vous

Inhalt