Associatioun vun de Universitairen op de Gemengen (AFUC)
AktualiséiertOctober 1, 2025
Wéi mellen ech mech op eng Gemengeplaz?
De Rekrutement vun de Gemengenagente gëtt op Basis vun „Appel-à-candidatures“ um Internet-Site vun de Gemengen, déi rekrutéieren, oder/an an de verschidden Zeitunge publizéiert. D’Leit ginn da fir e Virstellungsgespréich geruff. Fir d‘Karriär A1 sinn Admissibilitéitsexame mat spezifeschen Tester néideg.
Op wéi eng Plaze kann ech mech mat engem
Secondaires-, Bachelor- oder Master-Diplom mellen?
D’Membere vun der AFUC sinn alleguerten an der Karriär supérieure (A1, sous-groupe scientifique et technique) an hunn ee Master-Diplom. Déi verschidde Carrièrë mat hire jeeweilegen Diplomer sinn am Règlement grand-ducal du 28 juillet 2017 déterminant le régime et les indemnités des employés communaux stipuléiert.
A wéi enger Karriär fänken ech un?
Wärend deenen éischte Jore muss de rekrutéierten Agent e Stage maachen, wärend deem dësen och un enger Formatioun muss deelhuelen. Wann den Agent dann definitiv noméiert gëtt, gëtt seng Remuneratioun (op Basis vun der viregter Aarbechtsdauer am privaten oder ëffentleche Secteur) ugepasst. D’Gemengebeamte ginn nom stipuléierte Barème remuneréiert.
Wou fannen ech d’Offeren?
D’Aarbechtsplaze ginn iwwert „Appel-à-candidatures“ um Internet-Site vun deene Gemengen annoncéiert, déi rekrutéieren, oder/an an de verschidde Medien/Zeitunge publizéiert.
Virdeeler, wann een op der Gemeng schafft
D’Gemeng bitt esouwuel ofwiesslungsräich Tâchen am Déngscht vum Bierger wéi och eng sécher Plaz.
Wéi eng Exame muss ee maachen?
De Kandidat muss eng „Epreuve d’aptitude générale” an een Admissibilitéitsexame maachen. Wärend sengem provisoreschen Déngscht muss den Agent eng Formatioun général (Formatioun „du tronc commun” a Formatioun „au Choix”) an eng Formatioun „spéciale” um Institut National de l’Administration Publique (INAP) matmaachen a jeeweils zum Schluss een Exame schreiwen. Weider Informatiounen iwwert Formatiouns-Prozedure fannt dir ënnert folgendem Link:
Esouwuel fir d’Epreuve d’aptitude générale wéi och fir den Admissibilitéitsexamen muss een sech iwwert den Inneministère, deen d’Ausschreiwung mécht, umellen. Weider Informatiounen iwwert d’Examens-Prozedure fannt dir ënnert folgendem Link:
Eis Websäit benotzt Cookies fir d'Erfarung besser ze maachen.
Funktional
Always active
The technical storage or access is strictly necessary for the legitimate purpose of enabling the use of a specific service explicitly requested by the subscriber or user, or for the sole purpose of carrying out the transmission of a communication over an electronic communications network.
Preferences
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
Statistics
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.The technical storage or access that is used exclusively for anonymous statistical purposes. Without a subpoena, voluntary compliance on the part of your Internet Service Provider, or additional records from a third party, information stored or retrieved for this purpose alone cannot usually be used to identify you.
Marketing
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.