An der Fonction publique, déi aus Ministèren a Verwaltunge besteet, sinn iwwer 36.000 Agente* beschäftegt, déi Dag fir Dag duerfir suergen, datt d’Land funktionéiere kann, an datt de Bierger hiert Liewe méi einfach gëtt. *Stand Ufangs 2024
Sech mam Land beweegen
Zur sozialer, kultureller a wirtschaftlecher Entwécklung vun engem Land bäidroen, dat sech stänneg verännert, dat ass eng eenzegaarteg Aufgab! Verschiddener sinn direkt no der Schoul an den ëffentlechen Déngscht gaangen, anerer réischt am Laf vun hirer Carrière.
Villfälteg Beruffer
D’Villfalt vun eise Profillen an eise Beruffer gehéiert zu eise Stäerkten! Beruffer, déi sech stänneg entwéckelen, fir beschtméiglech op d’Besoine vun der Gesellschaft anzegoen a fir jidderengem säin Alldag méi liicht ze maachen. Mir setzen eis all Dag an, fir d’Déngschtleeschtungen, déi d’Bevëlkerung gebuede kritt, ze verbesseren oder fir se weider ze digitaliséieren.
Bedeelegt iech um Wandel
Andeems si am Déngscht vun der Allgemengheet schaffen, iwwerhuelen eis Agenten hir Aufgab an der Gesellschaft a gläichzäiteg verwierkleche si sech selwer. Ënnert hinne ginn et gebueren Ingenieuren. Anerer sinn zanter hirer Kandheet frou mat der Natur oder mat Sproochen. Nach anerer wollte schonn ëmmer Polizist ginn. Bei eis fannt Dir eng Plaz, wou Dir Ärer Leidenschaft nogoen an Är Talenter an engems sënnvoll asetze kënnt.
Eisen Engagement als Äntfert op ären
Déi berufflech Entwécklung an d’Zefriddenheet vun eisen Agenten, dat sinn eis Prioritéiten! Mir bidde ganz villfälteg Formatioune grad ewéi intern Mobilitéitsméiglechkeeten, duerch déi jidderee seng Kompetenzen erweideren a säi beruffleche Projet verwierkleche kann. Bei all Etapp vun Ärem Wee ginn Är Ambitioune gefërdert a wäertgeschätzt.
Eis Websäit benotzt Cookies fir d'Erfarung besser ze maachen.
Funktional
Always active
The technical storage or access is strictly necessary for the legitimate purpose of enabling the use of a specific service explicitly requested by the subscriber or user, or for the sole purpose of carrying out the transmission of a communication over an electronic communications network.
Preferences
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
Statistics
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.The technical storage or access that is used exclusively for anonymous statistical purposes. Without a subpoena, voluntary compliance on the part of your Internet Service Provider, or additional records from a third party, information stored or retrieved for this purpose alone cannot usually be used to identify you.
Marketing
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.