Dës Assurance ass zu Lëtzebuerg net obligatoresch. Trotzdeem soll een onbedéngt eng Haftflicht hunn.
Firwat brauch ech eng Haftflicht?
Am deegleche Liewe geschéien ëmmer erëm Accidenter, déi d’Haftflicht spille loossen. D’Haftflicht kënnt fir all materiellen a kierperleche Schued op, deen ee selwer oder eng Persoun, fir déi ee responsabel ass (z. B. e Kand), un engem Drëtte verursaacht huet.
D’Haftflicht ass hirersäits nees an zwou Branchen opgedeelt:
Privatliewen: Hei trëtt d’Assurance zum Beispill a Kraaft, wann een eng Persoun am Stroosseverkéier (z. B. mam Vëlo, als Foussgänger, mam Pedelec, mat der Trottinett, asw.) oder beim Sport sollt verletzen, oder wann een e materielle Géigestand vun enger anerer Persoun iertemlech beschiedegt (z. B. Schued um Haus). Et soll een onbedéngt beim Assureur nofroen, wann een déi nei elektresch Gefierer (Pedelec, Trottinett, asw.) benotzt. Meeschtens sinn déi nëmme matverséchert, wa se net méi séier wéi 25 km/h fueren.
Aarbechtswelt:
– Salariéen: Op der Aarbecht gëtt d’Haftflicht am Prinzip vum:vun der Patron:ne iwwerholl.
– Fräiberuffler: Fir Persounen, déi selbstänneg sinn, zum Beispill Dokteren:eschen oder Architekten ass et wichteg, a fir verschidden Beruffer obligatoresch, eng eegen Haftflicht ze hunn, déi si an hir Salariéë géint eventuelle materiellen oder kierperleche Schied verséchert, déi op der Aarbecht kënne virkommen oder Schied déi hir Aarbecht Drëttpersounen zoufüügt.
Eis Websäit benotzt Cookies fir d'Erfarung besser ze maachen.
Funktional
Always active
The technical storage or access is strictly necessary for the legitimate purpose of enabling the use of a specific service explicitly requested by the subscriber or user, or for the sole purpose of carrying out the transmission of a communication over an electronic communications network.
Preferences
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
Statistics
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.The technical storage or access that is used exclusively for anonymous statistical purposes. Without a subpoena, voluntary compliance on the part of your Internet Service Provider, or additional records from a third party, information stored or retrieved for this purpose alone cannot usually be used to identify you.
Marketing
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.