-
Stage
Stagen
Stagen zu Lëtzebuerg
Den 21. Mee 2020 gouf d’Stagëgesetz gestëmmt. Doduerch, datt d’Chamber dëst Gesetz ugeholl huet, huet se de Stagen zu Lëtzebuerg endlech eng legal Basis ginn. Dëst Gesetz reegelt ënnert wat fir enge Konditioune Stagen zu Lëtzebuerg kënne gemaach ginn. Am Kader vum dem neien Héichschoulgesetz 2023 koum et dunn zu enger éischter Upassung.
Ënnerscheet gëtt dobäi tëschent zwou Kategorien, nämlech de konventionéierte Stagen (Stages conventionnés), déi een am Kader vu senger Formatioun muss maachen, an de praktesche Stagen (Stages pratiques), déi ee fräiwëlleg mécht.
Stagëkonventioun
Eng weider Neierung ass d’Aféiere vun enger Stagëkonventioun (Convention de stage). Dëst Dokument ass obligatoresch fir Stagen, déi zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Bei de Stagen, déi am Kader vun enger Formatioun gemaach ginn (Stages conventionnés), muss dëst Dokument vum Stagiaire sengem Patron a vun der Uni/ Héichschoul ënnerschriwwe ginn. Fir praktesch Stagë muss natierlech just dem Patron an dem Stagiaire hir Ënnerschrëft op dësem Dokument stoen.
Déi genau Informatiounen, déi an dëser Konventioun mussen drastoen, an eng Beispill Konventioun fir praktesch Stagen, zur Verfügung gestallt vun der Chambre de Salarièrs, fënns du hei:
Bezuelung
Hei gëtt zwëschend obligatoreschen a fakultative (praktesche) Stagë ennerscheed. Obligatoresch Stagë vun der Universitéit oder Héichschoul mussen ab enger Dauer vu 4 Woche mat 30% vum Mindestloun remuneréiert ginn.
Praktesch Stagen ab enger Dauer vu 4 Woche bis 3 Méint gi mat 40% vum Mindestloun bezuelt. Praktesch Stagë mat méi wéi 3 Méint gi mat 75% vum Mindestloun bezuelt. Praktesch Stagen dierfe maximal eng Dauer vu 6 Méint beim nämmlechte Patron hunn.
Zousätzlech gi Stage, déi innerhalb vun engem akademesche Joer beim selwechte Patron stattfannen, esou bezuelt wéi wann se ee ganz wieren. Dat heescht konkret, dass wann een en zweete Stage mëscht, ee réckwierkend muss fir den éischten entlount ginn.
D’Indemnisatioun, bezitt sech op de Mindestloun (S.S.M) deen zum Moment vum Stage festgeluecht ass. Wann ee nom erfollegräichen Ofschloss vun engem éischten Zyklus vun enger Héichschoul, en praktesche Stage mécht, gëtt als Referenz de Qualifizéierte Mindestloun geholl.
Stagen tëscht dem 1. an 2. Zyklus
Zwee wichteg Punkte gëllt et dann och nach ze ernimmen. Stagen tëscht dem Bachelor (Zyklus 1) a Master (Zyklus 2) si weiderhi méiglech. Allerdéngs ass et esou, datt heifir just ee Joer virgesinn ass. Ab dem Zäitpunkt vum Bachelordiplom huet een also ee Joer laang d’Méiglechkeet Stagen ze maachen. Allerdéngs däerf een net méi, wéi sechs Méint Stage am Ganze maachen. Dëst gëllt och, wann een e Stage nom Ofschloss am Lycée wëll maachen éier een op der Universitéit/ Héichschoul ufänkt.
Wann ee säi Masterdiplom bis an der Täsch huet, däerf een zu Lëtzebuerg
kee Stage méi maachen, ausser, wann een an engem Bachelor- oder Masterstudium ageschriwwen ass a wärend senge Studien e Stage maache muss.
Weider Informatiounen
Verschidde Stagë falen net ënnert dëst Gesetz, well dës Stagë schonn an anere Gesetzestexter gereegelt sinn. Dobäi handelt et sech ëm obligatoresch Stagen am Kader vun der Formation professionnelle, Orientéierungsstagen a déi déi een am Lycée maache muss
(Schnupperstagen).
Méi genau Informatiounen zum Stagëgesetz fënns du hei:



