-
Krankekeess
CMCM
Deng Gesondheetsmutuelle zu Lëtzebuerg an am Ausland
D’Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste (CMCM) ass déi gréisst Mutuelle zu Lëtzebuerg. Si ergänzt d’gesetzlech Krankeversécherung a spréngt an, wann et ëm medezinesch Agrëffer, Zänndoktervisitten oder Spidolsopenthalter geet – hei am Land esou wéi am Ausland.
Sécher ënnerwee – d’CMCM-Assistance
Am Basispackage ass d’CMCM-Assistance schonn gratis mat dran. Hei kriss du gehollef, wannsdu am Ausland krank gëss oder en Accident hues.
Bei engem Spidolsopenthalt ausserhalb vu Lëtzebuerg bass du weltwäit bis zu 100.000 € ofgeséchert. De Rapatriement op Lëtzebuerg an d’Birgungskäschten si mat abegraff – esou bassdu och op Reesen ëmmer op der sécherer Säit.
Zousätzlech ass och eng Reesrécktrëttsofsécherung am Package enthalen.
Méi Leeschtungen mat PRESTAPLUS, DENTA+ an OPTIPLUS
Mat der Garantie PRESTAPLUS gëtt den Supplément vum Éischt-Klass-Zëmmer, dem Doktersupplément an och Leeschtunge ronderëm präventiv Medezin iwwerholl.
D’Garantie DENTA&OPTIPLUS déckt zousätzlech en Deel vun denge Käschten beim Zänndokter, Zännimplanter, Zanspang (Orthodontie), Brëller, Kontaktlënsen oder esouguer bei chirurgie réfractive of.
Ganz einfach fir Student:innen am Ausland
Wann s du am Ausland studéiers a eng ambulant Behandlung misst gemaach kréien, kanns du d’Rechnung an d’Ofrechnung vun der Gesondheetskeess ganz einfach iwwer d’CMCM-App eroplueden.
Sou spuers du dir onnéidege Pabeierkrom, a d’CMCM iwwerhëlt déi Käschten, déi s du selwer hues missten droen.
Eng flott Offer fir Jobstarter:innen
All déi, déi frësch an d’Beruffsliewen starten a sech nom Ofschloss vum Studium selwer bei der CMCM umellen, kréien dat lafend Joer a dat Joer drop geschenkt – e flotte Bonus fir den neie Start!
Wëlls du méi iwwer deng Méiglechkeeten bei der CMCM wëssen?
Kuck op www.cmcm.lu oder fro einfach no méi Informatiounen – et ass ëmmer gutt ze wëssen, wéi s du am Krankheetsfall ofgeséchert bass!



