Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten
Drécken

CMCM

Deng Gesondheetsmutuelle zu Lëtzebuerg an am Ausland

D’Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste (CMCM) ass déi gréisst Mutuelle zu Lëtzebuerg. Si ergänzt d’gesetzlech Krankeversécherung a spréngt an, wann et ëm medezinesch Agrëffer, Zänndoktervisitten oder Spidolsopenthalter geet – hei am Land esou wéi am Ausland.

Sécher ënnerwee – d’CMCM-Assistance

Am Basispackage ass d’CMCM-Assistance schonn gratis mat dran. Hei kriss du gehollef, wannsdu am Ausland krank gëss oder en Accident hues.
Bei engem Spidolsopenthalt ausserhalb vu Lëtzebuerg bass du weltwäit bis zu 100.000 € ofgeséchert. De Rapatriement op Lëtzebuerg an d’Birgungskäschten si mat abegraff – esou bassdu och op Reesen ëmmer op der sécherer Säit.
Zousätzlech ass och eng Reesrécktrëttsofsécherung am Package enthalen.

Mat der Garantie PRESTAPLUS gëtt den Supplément vum Éischt-Klass-Zëmmer, dem Doktersupplément an och Leeschtunge ronderëm präventiv Medezin iwwerholl.
D’Garantie DENTA&OPTIPLUS déckt zousätzlech en Deel vun denge Käschten beim Zänndokter, Zännimplanter, Zanspang  (Orthodontie), Brëller, Kontaktlënsen oder esouguer bei chirurgie réfractive of.

Wann s du am Ausland studéiers a eng ambulant Behandlung misst gemaach kréien, kanns du d’Rechnung an d’Ofrechnung vun der Gesondheetskeess ganz einfach iwwer d’CMCM-App eroplueden.
Sou spuers du dir onnéidege Pabeierkrom, a d’CMCM iwwerhëlt déi Käschten, déi s du selwer hues missten droen.

All déi, déi frësch an d’Beruffsliewen starten a sech nom Ofschloss vum Studium selwer bei der CMCM umellen, kréien dat lafend Joer a dat Joer drop geschenkt – e flotte Bonus fir den neie Start!

Wëlls du méi iwwer deng Méiglechkeeten bei der CMCM wëssen?

Kuck op www.cmcm.lu oder fro einfach no méi Informatiounen – et ass ëmmer gutt ze wëssen, wéi s du am Krankheetsfall ofgeséchert bass!

Inhalt