-
Aarbechtssich
Offere vum Aarbechtsministère
Der ACEL ass et wichteg, dass jonk Leit nach besser ënnerstëtzt kënne ginn, wann et drëms geet, an d’Beruffswelt ze starten. Dofir wëlle mir zesumme mat der ADEM op eng Rei Programmer opmierksam maachen déi elo schonn zur Verfügung stinn, déi de Jonke vill Méiglechkeete bidden a si op hirem Wee ënnerstëtze sollen. Dës Offere kënnen eng wichteg Orientéierung sinn – egal ob een no der Schoul, nom Studium oder an enger Phase vun der Ëmorientéierung steet. An dësem Bäitrag fannt dir déi wichtegst Programmer am Iwwerbléck.
Sammel dank dem CIE déng éischt Beruffserfarungen
De Contrat d’initiation à l’emploi (CIE) riicht sech u Jonker ënner 30 Joer, déi op d’mannst dräi Méint bei der ADEM ageschriwwe sinn. Hei kritt een d’Méiglechkeet, an engem Betrib eng praktesch Formatioun ze maachen an de Beruffsalldag richteg kennen ze léieren. Mat engem Tuteur op der Aarbechtsplaz sammelt ee konkret Erfarungen a verbessert seng Chancen, dono iwwerholl ze ginn. Den CIE dauert normalerweis ee Joer a kann em sechs Méint verlängert ginn. D’Indemnitéit, also déi finanziell Entschiedegung déi ee kritt, orientéiert sech um soziale Mindestloun a variéiert jee no Qualifikatioun.
Mam CAE richteg duerchstarten
De Contrat d’appui-emploi (CAE) ass eng änlech Mesure, mee mat staarkem Fokus op Upskilling, also op d’Entwécklung an d’Erweiderung vu Kompetenzen, fir d’Chancë vun de Participanten um Aarbechtsmaart nohalteg ze verbesseren. E gëtt vum Staat, Gemengen, ëffentlechen Institutiounen oder a.s.b.l.’en ugebueden a kombinéiert theoretesch, souwuel wéi och praktesch Elementer. D’Konditiounen an d’Indemnitéit sinn déi selwecht wéi beim CIE. Dëse Wee ass besonnesch interessant fir déi, déi sech nei orientéiere wëllen oder nach net déi néideg Kompetenzen hunn, fir direkt an hire gewënschte Beruff anzesteigen an hir Fäegkeete gezielt ausbaue wëllen.
Back to School duerch de Pool des assistants
Wann s du Loscht hues eng Karriär am Edukatiounsberäich ze starten, da gëtt et de Pool des assistants. Hei schafft een 12 Méint an engem Lycée an iwwerhëlt Aufgaben am Beräich Surveillance, Administratioun oder periscolaire Aktivitéiten.
D’Viraussetzunge sinn en ofgeschlossene Secondaire, op d’mannst ee Joer Héichschoul an eng gutt Kenntnis vun den dräi Landessproochen. Och wann dës Erfarung net automatesch zu enger fixer Astellung féiert, kann se eng wichteg Etapp fir eng Karriär am edukative Beräich sinn.
Eng individuell Begleedung duerch d’Garantie Jeunesse
Mat der Garantie Jeunesse riicht d’ADEM sech u Jonker tëscht 16 an 30 Joer, déi op d’mannst 4 Méint bei der ADEM ageschriwwe sinn. All Participant soll eng konkret Offer kréien, sief et eng Aarbecht, eng Formatioun, eng Léierplaz oder e Stage. An deenen éischte sechs Méint gëtt een intensiv vun engem Conseiller référent, also enger Kontaktpersoun bei der ADEM, déi een individuell ënnerstëtzt an duerch déi verschidden Etappe féiert, begleet. Coaching, Atelieren, JobDays an Info-Sessions hëllefen dobäi, sech besser um Aarbechtsmarché ze orientéieren an déi nächst Schrëtt gezielt unzegoen.
Weist wat dir kënnt am Stage de professionnalisation
Ab dem 1. Juli 2026 kënnt dann och d’Méiglechkeet vum Stage de professionnalisation dobäi. Dëse Stage erlaabt et, jonken Demandeuren hir Kompetenzen an engem Betrib ze beweisen an hir Chancen op eng Astellung ze erhéijen. De Stage dauert sechs Wochen, respektiv néng Woche mat op mannst dräi Joer Héichschoul. D’Indemnitéit läit ab dem 1. Juli 2026 bei 403,38 Euro de Mount a gëtt ab deem Moment un den Index ugepasst. Duerno besteet d’Méiglechkeet, direkt an en CIE ze wiesselen.
Nieft dëse Programmer bitt d’ADEM personaliséiert Begleedung, Hëllef bei der Aarbechtssich, Formatioune fir Upskilling oder Rekonversioun, also eng nei berufflech Orientéierung, an eng aktiv Vermëttlung tëscht Jonker an Employeuren un.



