Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten
Drécken

Media Writing (LCD)

Description de la formation

Televisioun, Zeitung, Radio a Social Media, Publicitéit a Kommunikatioun… Ass et hei wou s du wëlls schaffen? De BTS Media Writing am Dikrecher Kolléisch bitt dir eng zolidd a praxisbezunne Formatioun, déi dech direkt dohinner féiert. De BTS Media Writing bitt eng besonnesch praxisorientéiert 2-Jores-Héichschoulausbildung, déi an Zesummenaarbecht mat Betriber aus der Medien- a Kommunikatiounswelt geziilt op d’Beruffswelt virbereet. An dëser Formatioun gëss du net nëmme geléiert, fir Press, Radio an Internet ze kommunizéieren, ma och kreativ oder informativ ze schreiwen, Interviewtechniken ze beherrschen, virun an hannert der Kamera ze schaffen, a sozial Medie professionell ze notzen. Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch, dat sinn déi Sproochen, déis du brauchs, fir dech an der Lëtzebuerger Mediewelt auszedrécken. An dëse Sprooche brénge mir dech am Schreiwen an am Schwätzen e gutt Stéck weider, sou dass du se wierklech professionell asetze kanns.

Mat sengem duebele Profil vu Journalist a Copywriter bereet de BTS Mediawriting op d’Beruffer vun der Informatioun a vun der Kommunikatioun vir. An op all déi nei Beruffer dotëscht. Ob an der Televisioun, am Radio, an der geschriwwener Press oder an de Webredaktiounen, an de Kommunikatiounsagencen oder an de Kommunikatiouns-departementer vun de grousse Betriber – d’Nofro fir «Schwäizer Täschemesseren» vun der Kommunikatioun léisst néierens no. D’berufflech Perspektiven si ganz divers:

  • Journaliste;
  • Copywriter;
  • Reporter multimédia;
  • Rédacteur.rice web;
  • Assistant.e en communication;
  • Corporate Publisher;
  • Content Manager;
  • Community Manager;
  • Chargé.e de communication interne et externe.

Informatiounen iwwert d’Aschreiwung op http://www.mediawriting.lcd.lu/admission/

1. Januar – 15. Juli (Spéider Ufroen u bts@lcd.lu)

300€/par semestre

Inhalt