-
Finanzen
Wéi, wou, wat, firwat?
Firwat bezuelen ech Steieren?
Steiere sinn eng wichteg Recette vum Staat. Si droen dozou bäi, déi ëffentlech Déngschter an d’Infrastrukture vum Land ze finanzéieren, zum Beispill Schoulen an Universitéiten, Transport, Gesondheetswiesen oder sozial Déngschter.
Wéini bezuelen ech Steieren? - Lounsteier (RTS)
Zu Lëtzebuerg ginn d’Steieren direkt vun dengem Salaire ofgehalen. Den Employeur gëtt déi Suen direkt un d’Steierverwaltung (Administration des contributions directes) weider. Dat nennt een „ Lounsteier“. Als Employé kriss du vun der Steierverwaltung deng Steierkaart geschéckt. Du brauchs se net un däi:deng Patron:ne weiderzeginn. Dee kritt se iwwer Guichet.luelektronesch zur Verfügung gestallt a muss se do ofruffen. Du kanns och de Courrier vun der Steierverwaltung op Guichet.lu abonéieren, da kriss du deng Steierkaart do elektronesch zur Verfügung gestallt. D’Steierkaart (fiche de retenue d’impôt) ass en Dokument, dat festhält, a wat fir enger Steierklass du bass oder mat wéi engem Taux däi Salaire besteiert gëtt. Et ass e wichtegt Dokument fir de Patron, fir d’Lounsteier vun denger Pai ofzerechnen. Fir d’éischt solls du kontrolléieren, ob all d’Informatiounen – virun allem d’Steierklass oder den Taux – op der Steierkaart richteg sinn. Wann alles korrekt ass, kanns du se doheem bei deng Dokumenter klasséieren. Fräiberuffler a Geschäftsleit bezuele keng Lounsteier op hirem Revenu als Independant. Dofir mussen si eng Steiererklärung maachen a bezuelen all dräi Méint eng Avance.
Wéi kréien ech meng Steierkaart?
Deng Steierkaart kriss du automatesch heem geschéckt, wann däi:deng Patron:ne dech beim Centre commun de la sécurité sociale umellt. Wann s du zum Beispill bestuet gëss oder plënners, muss du däin État civil oder deng Adress op denger Gemeng änneren. Déi Informatioun gëtt da vun der Gemeng un d’Steierverwaltung weidergeleet an du kriss dann automatesch eng nei Steierkaart heemgeschéckt.
Sollt d’Steierkaart net automatesch ausgestallt ginn, kann d’Steierkaart iwwert de Formulaire 164 ugefrot ginn.
Wéi gi meng Steiere gerechent?
De Montant vu Steieren, déi ee bezuele muss, hänkt haaptsächlech vun zwou Saachen of:
- Dem Bruttosalaire an deene jeeweilegen Deductiounen (Frais-de-déplacementen, Cotisatiounen, asw.) an Exemptiounen (Iwwerstonnen, asw.)
- Der familiärer Situatioun
Et ginn dräi Steierklassen, déi de Steiersaz matbestëmmen:
- Klass 1: Fir onbestuete Leit ouni Kanner, déi manner wéi 65 Joer hunn
- Klass 1a: Fir Wittfraen a Wittmänner, onbestuete Leit mat Kanner zu Laaschten an onbestuete Leit, déi iwwer 65 Joer hunn
- Klass 2: Fir Persounen, déi zesumme besteiert ginn, entweder duerch Bestietnis, PACS, mat oder ouni Kanner zu Laaschten
Onofhängeg vun der Steierklass gi Steieren no der Methode progressive gerechent. Dat heescht: Wat ee méi verdéngt, wat ee méi Steiere bezuele muss. Den Taux variéiert tëschent 0 an 42%.
Am Kader vun enger geplangter Steierreform soll ab dem 1. Januar 2028 eng eenzeg Steierklass agefouert ginn (Klass U). Méi Informatiounen dozou ginn am Laf vum Joer 2027 um Internetsite vun der Steierverwaltung publizéiert.
Steiererklärung an Décompte annuel
D’Lounsteier ass ewéi eng Avance ze betruechten a kann duerch d’Ausfëlle vun engem Décompte annuel oder enger Steiererklärung definitiv regulariséiert ginn. Et kann een ënner gewëssen Ëmstänn d’Lounsteier ganz oder zu engem Deel zeréckkréien. Eréischt ab engem Joresakommes vun 13.230€ (Stand 2025) fänkt een un, Steieren ze bezuelen.
Muss ech eng Steiererklärung oder en Décompte annuel maachen?
Jee no Familljen- a Beruffsstand, muss du entweder en Décompte annuel oder eng Steiererklärung maachen. Eng Steiererklärung muss de zum Beispill maachen:
- wann däin Akommes (Revenu imposable) méi héich wéi 100.000€ ass
- wann s du méi wéi eng Aarbechtsplaz hues, dat heescht wann s du fir méi Patrone gläichzäiteg schaffs
- wann s du nach aner Revenue kriss ewéi zum Beispill Dividenden oder Loyeren
- wann s du Zënsen op engem Prêt hypothécaire fir däin Doheem bezuelt hues
Wann däi:deng Patron:ne deng Steieren direkt vum Salaire ofhält, hues du am Prinzip deng Steiere bezuelt.
A verschiddene Fäll hues du awer Interêt, en Décompte annuel unzefroen, zum Beispill:
- Wann s du Zënsen op engem Prêt personnel bezuelt hues (zum Beispill um Studenteprêt)
- Wann s du eng Zousazpensioun bezils
- Wann s du eng Liewensversécherung, eng Krankeversécherung oder eng Haftflicht bezils (dozou gehéiert och d’Haftflicht fir den Auto, awer net d’Kasko)
- Wann s du Cotisatioune bei enger unerkannter Mutuelle bezils
- Wann s du an e Bauspuervertrag abezils
An dëse Fäll kriss du héchstwarscheinlech Steiere vum Steieramt zréck.
Bis wéini muss ech en Décompte annuel eraschécken?
Den Delai fir en Décompte annuel vum Joer X eranzeschécken, ass den 31. Dezember vum Joer X+1.
Ech hu matzen am Joer ugefaange mat schaffen, muss ech en Décompte annuel maachen?
D’Steieren, déi däi:deng Patron:ne vun dengem Salaire ofhält, sinn op engem Salaire mensuel gerechent. Wann de Salaire net iwwer déi zwielef Méint vum Joer bezuelt gouf, kann et sinn, datt s du ze vill Steiere bezuelt hues well beim Décompte annuel de Revenu nom Barème annuel besteiert gëtt. Et ass deemno unzeroden, en Décompte annuel auszefëllen. Du kriss dee Moment déi Steieren zeréckbezuelt, déi s du ze vill ofgehale krus.
Wéi ass d'Situatioun als Student?
Wann s du wärend de Schoulvakanzen als Schüler oder Student schaffs, gëllen zousätzlech speziell Reegelen.
Zënter dem 1. Januar 2026 gouf de maximalen Netto-Stonneloun, deen ënner de spezielle Reegelen an dësem Kader ugesi gëtt, vu 16€ op 18€ pro Stonn erhéicht. Dës Ännerung betrëfft ënner anerem Schüler a Studenten, déi wärend de Schoulvakanze schaffen.
Déi speziell Reegelen hänken awer vun der Aart vum Studentenjob an de gesetzleche Konditiounen of. Et ass also wichteg, tëschent engem normale Studentenjob an anere Forme vu Beschäftegung oder Stage ze ënnerscheeden.
Wann s du als Student nëmmen e begrenzten Akommes hues, heescht dat net automatesch, datt s du keng Steieren oder keng aner sozialrechtlech Obligatiounen hues. D’konkret Behandlung hänkt vun der Form vun dengem Kontrakt an dengem Akommes of, wéi z.B. wann s du méi spéit am Joer eng Aarbecht mat engem CDD oder engem CDI ufänks.
Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.



