-
Erasmus
Erasmus Semester/ Joer
En Erasmus Semester oder Joer, oft och Auslandssemester oder Auslandsjoer genannt, ass fir vill Student:inne eng eemoleg Geleeënheet, fir international Erfarungen innerhalb vun der EU ze sammelen, eng nei Kultur kennenzeléieren an sech perséinlech weider ze entwéckelen. Mat der richteger Virbereedung gëtt däin Erasmus zu enger onvergiesslecher Erfarung. Dofir fënns du hei déi wichtegst Informatiounen, déi dir hëllefen, däin Auslandssemester esou entspaant wéi méiglech ze organiséieren.
Virbereedung an Umeldung
D’Bewerbung fir en Erasmus-Austausch leeft normalerweis iwwer d’Uni, op deier s du zu dem Zäitpunkt ageschriwwe bass. Déi meescht Universitéiten hunn intern Deadlinen, déi oft scho 6 bis 12 Méint virum eigentlechen Openthalt leien. Informéier dech also fréi iwwer d’Partneruniversitéiten, och host university genannt, also d’Universitéite fir déi deng Uni en Erasmus+ Programm ubitt, souwéi d’Bewerbungsprozeduren an déi néideg Dokumenter. Dozou gehéieren dacks e Motivatiounsbréif, däin Transcript of Records an de sougenannte Learning Agreement, an deem festgehale gëtt, u wéi enge Coursen du an denger Erasmusuniversitéit deelhuele wäerts.
Finanziell Ënnerstëtzung
Iwwer Erasmus+ kriss du normalerweis eng finanziell Ënnerstëtzung, déi jee no Destinatiounsland an Dauer vum Openthalt variéiert. Déi kriss de allerdéngs nëmme wann deng host university an Europa ass. Dës Bourse deckt meeschtens net all Käschten of, mee hëlleft bei Logement, Reesen an den deeglechen Ausgaben. Fir eng Erasmus+-Bourse unzefroen, leeft de Prozess normalerweis iwwer deng Heemuni an net direkt iwwer d’Erasmus Plattform selwer. Vun hier hänkt et och oft ob a wéi vill Bourse s du kriss. Soubal s du fir eng Austauschplaz nominéiert bass, kriss du meeschtens vum International Office oder dem Erasmus-Koordinator vun denger Uni all déi néideg Informatiounen an Dokumenter. Dobäi ass et och wichteg ze bedenken, dass s du als Student aus Lëtzebuerg, jee no Situatioun, och weider vun nationale Studienhëllefe profitéiere kanns.
Logement
Vill Partneruniversitéiten bidde Studentewunnengen un oder Hëllef bei der Sich no engem Ënnerdaach. Trotzdeem solls du dech esou fréi wéi méiglech drëms këmmeren, besonnesch wann s du an eng populär Studentestad gees. Privat Wunnen, Studentenresidenzen oder WG’e sinn déi heefegst Optiounen.
Akademescht Liewen
D’Unterrechtsformen an d’Bewäertung kënnen sech staark vun deem ënnerscheeden, wat s du vun denger Heemuni gewinnt bass. A verschiddene Länner gëtt vill Wäert op kontinuéierlech Evaluatioun geluecht, anerer setzen éischter op grouss Semesterexamen. Et lount sech also, sech fréi mam System vun der Gaaschtuni vertraut ze maachen.
Alldag an Integratioun
Bal all Universitéiten hunn eng lokal Erasmus Student Network-Grupp (ESN), déi Excursiounen, Partien a kulturell Aktivitéiten organiséiert. Dat ass eng super Méiglechkeet, fir séier aner international Student:inn:e kennen ze léieren an sech an der neier Ëmgéigend doheem ze fillen.
Praktesch Tipps
Vergiess net, virum Depart deng europäesch Krankekeesskaart a wichteg Dokumenter ze organiséieren, mee eventuell och néideg administrativ Prozeduren ze plangen. Eng gutt Virbereedung mécht den Ënnerscheed aus, a léisst dech däin Erasmus-Abenteuer vun der éischter Minutt u genéissen.



