-
Studium
Krankeversécherung
Zu Lëtzebuerg affiléiert
Wann s du zu Lëtzebuerg wunns an op enger Uni am Ausland ageschriwwe bass, muss du bei enger lëtzebuergescher Krankekeess ugemellt sinn, fir d’Fraise vun der Gesondheetsversuergung am Studieland an zu Lëtzebuerg rembourséiert ze kréien. Hei hues du d’Méiglechkeet, dech entweder als Co-Versécherten (vun dengem Papp oder denger Mamm) unzemellen oder dech perséinlech unzemellen, falls eng Co-Versécherung net méiglech ass.
Am Fall vun der Co -Versécherung ass déi zoustänneg Keess déi vum Haaptversécherten (dat heescht vun der Mamm oder dem Papp):
-„Caisse nationale de santé“ (CNS) fir Versécherter aus dem Privatsecteur
– „Caisse de maladie des fonctionnaires et employés publics“ (CMFEP) fir Mataarbechter:innen aus dem ëffentleche Secteur
– „Caisse de maladie des fonctionnaires et employés communaux“ (CMFEC) fir Gemengemataarbechter:innen
– Entraide médicale des CFL pour les salariés des chemins de fer luxembourgeois“ fir Mataarbechter:innen vun der Lëtzebuerger Eisebunn
Du kanns dech direkt bei de zoustännege Krankekeessen als Co-Versécherten umellen. Wann s du dech als Student:in perséinlech verséchere wëlls, ass d’Caisse nationale de santé – D’Gesondheetskeess (CNS) zoustänneg. Fir dech unzemellen, muss du de Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) kontaktéieren.
Gesondheetsversuergung am Studieland
Am Ausland studéiere gëllt als en temporairen Openthalt am Ausland. Et ka sinn, dass du wärend dengem Studium medezinesch versuergt muss ginn. Dofir ass et am beschten, déi zoustänneg Sozialversécherung op der Studieplaz ze kontaktéieren, fir méi Informatiounen iwwert d’Konditioune vum Remboursement an d’Ofdeckung vun der Betreiung op der Plaz ze kréien. Jee nodeem, wou ee studéiert ass d’Situatioun anescht:
Länner vun der Europäescher Unioun (EU) an dem Europäesche Wirtschaftsraum (EWR), an d'Schwäiz
Als Student:in kanns du dech bei der zoustänneger Sozialversécherung vun dengem Studieland registréiere loossen. Dës Aschreiwung erliichtert d’Formalitéite vum Remboursement, ass awer net onbedéngt noutwendeg. Normalerweis geet et nämlech duer, wann ee seng europäesch Sozialversécherungskaart („carte européenne d’assurance maladie“) virweise kann, fir dass d’Fraisen iwwerholl ginn. Dës Betreiung gëtt dann no de gesetzleche Bestëmmunge vum Land, an deem s du dech ophäls, ausgeféiert an no den Tariffer, déi do applizéiert goufen, rembourséiert.
Déi europäesch Sozialversécherungskaart gëtt dem:der Student:in d’Recht op eng medezinesch Versuergung am Studieland, fir dass säin Openthalt a séchere medezinesche Konditiounen oflafe kann, ouni dass de:d‘ Student:in seng:hier Behandlung a sengem:hierem eegene Land muss ënnerbriechen. Dës Kaart kann awer nëmme bei konventionéierten Déngschtleeschter:innen benotzt ginn, dat heescht bei all Déngschtleeschter:innen, dee mat der Sozialversécherung vu sengem Land en Ofkommes ënnerschriwwen huet. Normalerweis kann déi europäesch Sozialversécherungskaart net vun engem:er autoriséierten:er Déngschtleeschter:in refuséiert ginn. Wann et sech ëm en net autoriséierten oder privaten Déngschtleeschter:innen handelt, kënnen d’Behandlungsfraisen no de lëtzebuergesche Bedéngungen an Tariffer rembourséiert ginn.
Wann een Déngschtleeschter déi europäesch Sozialversécherungskaart net akzeptéiert oder s du deng Kaart net dobäi hues, muss du d’Käschte vun der medezinescher Versuergung an enger éischter Phas selwer bezuelen an dann ee Remboursement bei der Krankekeess am Openthaltsland oder bei denger lëtzebuergescher Krankekeess ufroen:
• Wann s du d’Rechnungen an d’Krankekeess am Openthaltsland ageschéckt oder se bei hir agereecht hues, gëss du no den Tariffer an den Tauxen, déi am Openthaltsland gëllen, rembourséiert.
• Wann s du d’Rechnunge bei der zoustänneger Krankekeess zu Lëtzebuerg ageschéckt oder hir se agereecht hues, rechent dës de Präis vun de Rechnunge bei der Keess vum Openthaltsland (mam Formulaire E126 / S067). Du gëss dann no den Tariffer vum Studieland rembourséiert. Op ausdrécklecher Ufro hues du awer hei och d’Méiglechkeet, fir no de lëtzebuergeschen Tariffer an Tauxe rembourséiert ze ginn.
Ier een an ee vun dëse Länner studéiere geet, ass et wichteg, ze kontrolléieren, ob déi europäesch Sozialversécherungskaart nach ëmmer gëlteg ass. Wann néideg, kann een e Certificat als provisoreschen Ersatz vun der Sozialversécherungskaart bei der zoustänneger Krankekeess ufroen.
Schlussendlech gëtt all net remboursabel Déngschtleeschtung (zum Beispill Orthodontie fir Erwuessener, Osteopathie, Heilpraktiker) aus engem vun de genannte Länner net rembourséiert. Fir vum Remboursement vu bestëmmte Behandlunge wéi Physiotherapie/ Kinesitherapie ze profitéieren, brauch een eng Bescheinegung, déi beseet, dass d’Krankekeess d’Käschten iwwerhëlt. Dës kriss du bei der CNS.
Groussbritannien
Duerch den Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun wäerten och Ännerunge bei der Krankeversécherung entstoen. Hei gëllen ab dem 1. Januar 2021 déi Bestëmmungen, déi am Austrëttsofkommes festgehal goufen.
Den Detail heizou fënns du hei:
Bosnien an Herzegowina, Cap Vert, Nordmazedonien, Marokko, Montenegro, Québec, Serbien, Tunesien oder Tierkei
Dës Länner sinn duerch eng bilateral Konventioun mat Lëtzebuerg gebonne. Wann s du an engem vun dëse Länner studéiers, muss du e Formular bei der Sozialversécherung vun dengem Studieland ofginn, dat bestätegt, dass du d’Recht op medezinesch Déngschtleeschtunge wärend dengem Openthalt hues. Du gëss dann ageschriwwen a fäls ënnert déi selwecht Bedéngunge wéi d’Awunner. Den entspriechende Formular muss op d’mannst 15 Deeg virum Depart an d’Land bestallt ginn. Wéi eng Formularer fir däi Land wichteg sinn an e Link zu deene Formular fënns du hei:
Du kanns deng Rechnungen direkt op der Plaz bei der zoustänneger Institutioun ofginn, déi dann déi medezinesch Käschten no den Tauxen an Tariffer, déi do gëllen, bezilt. Du kanns awer och d’Rechnungen an déi zoustänneg lëtzebuergescher Krankekeess aschécken, fir no de lëtzebuergesche Bedéngungen, Tauxen an Tariffer rembourséiert ze ginn. Mir roden dir, dech bei der zoustänneger Institutioun vum Studieland iwwer d’Konditioune vun der Fleeg a vum Remboursement ze informéieren.
Déngschtleeschter:innen vum Privatsecteur akzeptéieren d’Formularer, déi hei uewendriwwer ernimmt ginn, net. Hei mussen d‘Rechnunge bezuelt ginn an de Remboursement ka just bei derzoustänneger lëtzebuergescher Krankekeess ugefrot ginn.
All aner Land
Et handelt sech hei ëm all aner Länner op der Welt, ausserhalb vun der EU, der EWG an der Schwäiz, déi net mat Lëtzebuerg duerch eng Konventioun verbonne sinn, sou wéi zum Beispill d’USA oder Australien.
D’Rechnungen aus dëse Länner mussen un déi zoustänneg lëtzebuergesch Krankekeess geschéckt ginn a ginn dann no de lëtzebuergeschen Tauxen an Tariffer rembourséiert, ënner der Bedéngung, dass dës Tariffer d’Fraisen decken. Fir dass d’Rechnunge kënne rembourséiert ginn, musse se bezuelt sinn, detailléiert (a medezineschen an net codéierten Ausdréck) sinn, an enger vun de folgende Sproochen ausgestallt sinn: Englesch, Franséisch oder Däitsch.
D’Käschte fir medezinesch Servicer a Spidoldéngschtleeschtunge kënne vun engem Land an dat anert ganz ënnerschiddlech sinn a souguer däitlech méi héich ausfale wéi zu Lëtzebuerg. Et kann also en Ënnerscheed ginn tëscht den tatsächleche Käschten an dem Remboursement vun der CNS -dëst zum Nodeel vun de Versécherten. Wann ee sech an engem vun dëse Länner ophält, ass et dofir vu Virdeel, sech zousätzlech ze versécheren. Natierlech ass et och hei vu Virdeel, sech och op der Plaz selwer bei de Sozialversécherungsorganisatiunen iwwer de Fonctionnement vum Gesondheetssystem oder d’Fleegekäschten ze informéieren.
Affiliatioun bei der CMCM
Déi gréisst Mutuelle zu Lëtzebuerg, déi keng Assurancëgesellschaft per se ass, ass d’Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste (CMCM). D’CMCM gëllt als Zousaz zu der gesetzlech virgeschriwwener Krankeversécherung an trëtt bei wichtege medezineschen Agrëffer, Zänndokter a bei Openthalter am Spidol zu Lëtzebuerg souwéi am Ausland a Kraaft.
D’CMCM-Assistance ass gratis am Basispackage mat dran a bitt e Service am Fall vun enger Erkrankung oder engem Accident am Ausland. Bei engem Spidolsopenthalt iwwert eis Grenzen eraus ass ee bis zu 100.000 € weltwäit ofgeséchert. De Rapatriement op Lëtzebuerg souwéi d’Birgungskäschten sinn illimitéiert mat abegraff. Souguer eng Reesrécktrëttsversëcherung ass mat dran.
Wann een d‘Garantie PRESTAPLUS ofgeschloss huet, iwwerhëlt d’CMCM d’éischt Klass Zëmmer souwéi de Supplement vun dem:der Dokter:esch a präventiv Medezin. Zousätzlech gëtt och nach d’Garantie DENTA- an OPTIPLUS ugebueden. Dës iwwerhëlt een Deel vun de Käschte vun dem:der Zänndokter:esch, vun Zännimplantater an Zahnspangen, souwéi och bei Brëller, Kontaktlënsen an der Chirurgie Réfractive.
Student:innen, déi wärend hirem Schouljoer am Ausland ambulant musse behandelt ginn, kënnen der CMCM fir ee Remboursement eng Kopie vun der bezuelter Rechnung mat der d’Ofrechnung vun der Gesondheetskeess eraschécken. Fir dem:der Student:in onnéideg administrativ Demarchen ze erspueren, kann dëst och ganz bequeem an direkt via d‘CMCM-App eragereecht ginn. D’Bedeelegung un de Fraisen, déi de:d‘ Student:in doduerch huet missen droen, gi vun der CMCM iwwerholl. All Jobstarter:in, deen iwwert sengen Elteren affiliéiert war a sech elo selwer bei der CMCM umellt, kritt dat lafend Joer an dat Joer drop vun der CMCM geschenkt.



