-
Studium
Krankeversécherung
Zu Lëtzebuerg affiléiert
Wann s du zu Lëtzebuerg wunns an op enger Uni am Ausland ageschriwwe bass, muss du bei enger lëtzebuergescher Krankekeess ugemellt sinn, fir d’Fraise vun der Gesondheetsversuergung am Studieland an zu Lëtzebuerg rembourséiert ze kréien.
Du hues d’Méiglechkeet, dech entweder als Co-Versécherten (iwwert ee vun dengen Erzéiungsberechtegten) unzemellen oder dech perséinlech unzemellen, falls eng Co-Versécherung net méiglech ass.
Am Fall vun enger Co-Versécherung ass déi zoustänneg Krankekeess déi vum Haaptversécherten (dat heescht vun engem vun dengen Erzéiungsberechtegten):
- Caisse nationale de santé (CNS) fir Versécherter aus dem Privatsecteur;
- Caisse de maladie des fonctionnaires et employés publics (CMFEP) fir Mataarbechter:innen aus dem ëffentleche Secteur;
- Caisse de maladie des fonctionnaires et employés communaux (CMFEC) fir Gemengemataarbechter:innen;
- Entraide médicale des CFL fir Mataarbechter:innen vun de Lëtzebuerger Eisebunnen.
Du kanns dech direkt bei der zoustänneger Krankekeess als Co-Versécherten umellen.
Wann s du dech als Student:in perséinlech verséchere wëlls, ass d’Caisse nationale de santé (CNS) zoustänneg. Fir dech unzemellen, muss du de Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) kontaktéieren.
Gesondheetsversuergung am Studieland
Am Ausland studéieren gëllt als temporären Openthalt am Ausland. Et ka sinn, datt s du wärend dengem Studium medezinesch versuergt muss ginn. Dofir ass et recommandéiert, déi zoustänneg Sozialversécherung an dengem Studieland ze kontaktéieren, fir méi Informatiounen iwwert d’Konditioune vum Remboursement an d’Ofdeckung vun der medezinescher Versuergung ze kréien. Jee nodeem, a wéi engem Land s du studéiers, kënnen d’Reegelen ënnerschiddlech sinn.
Länner vun der Europäescher Unioun (EU) an dem Europäesche Wirtschaftsraum (EWR), an d'Schwäiz
Am Ausland studéieren gëllt als temporären Openthalt am Ausland. Et ka sinn, datt s du wärend dengem Studium medezinesch versuergt muss ginn. Dofir ass et recommandéiert, déi zoustänneg Sozialversécherung an dengem Studieland ze kontaktéieren, fir méi Informatiounen iwwert d’Konditioune vum Remboursement an d’Ofdeckung vun der medezinescher Versuergung ze kréien. Jee nodeem, a wéi engem Land s du studéiers, kënnen d’Reegelen ënnerschiddlech sinn.
Als Student:in kanns du dech bei der zoustänneger Sozialversécherung vun dengem Studieland registréiere loossen. Dës Aschreiwung vereinfacht d’Formalitéite fir de Remboursement, ass awer net obligatoresch.
An de meeschte Fäll geet et duer, deng europäesch Gesondheetsversécherungskaart (Carte européenne d’assurance maladie) virzeweisen, fir datt d’Käschten iwwerholl ginn. D’Behandlung gëtt dann no de gesetzleche Bestëmmungen an den Tariffer vum Land, an deem s du dech ophäls, rembourséiert.
Déi europäesch Gesondheetsversécherungskaart gëtt dem:der Student:in d’Recht op eng medezinesch Versuergung am Studieland, fir datt den Openthalt a séchere medezinesche Konditioune verlafe kann, ouni datt de:d’Student:in seng:hir Behandlung am Heemechtsland ënnerbrieche muss.
Dës Kaart kann nëmme bei konventionéierten Déngschtleeschter:innen benotzt ginn, also bei Déngschtleeschter:innen, déi en Accord mat der Sozialversécherung vun hirem Land hunn. Normalerweis däerf eng konventionéiert Persoun d’europäesch Gesondheetsversécherungskaart net refuséieren.
Wann et sech ëm en net konventionéierten oder private Déngschtleeschter handelt, kënnen d’Behandlungskäschten no de lëtzebuergesche Bedéngungen an Tariffer rembourséiert ginn.
EU: Belsch, Bulgarien, Däitschland, Dänemark, Éisträich, Estland, Finnland, Frankräich, Griicheland, Holland, Irland, Italien, Kroatien, Lettland, Lëtzebuerg, Litauen, Malta, Polen, Portugal, Rumänien, Schweden, Slowakei, Slowenien, Spuenien, Tschechesch Republik, Ungarn an Zypern.
EWR: Island, Liechtenstein an Norwegen.
Wann eng Persoun oder en Déngschtleeschter d’europäesch Gesondheetsversécherungskaart net akzeptéiert oder wann s du deng Kaart net dobäi hues, muss du d’Käschte fir d’medezinesch Versuergung fir d’éischt selwer bezuelen. Du kanns duerno e Remboursement bei der Krankekeess am Openthaltsland oder bei denger lëtzebuergescher Krankekeess ufroen.
- Wann s du deng Rechnungen un d’Krankekeess am Openthaltsland schécks oder do areechs, gëss du no den Tariffer an Tauxe vum Openthaltsland rembourséiert.
- Wann s du deng Rechnungen un déi zoustänneg lëtzebuergesch Krankekeess schécks oder do areechs, rechent dës d’Rechnungen iwwer de Formulaire E126 / S067 mat der Krankekeess vum Openthaltsland of. Du gëss dann no den Tariffer vum Studieland rembourséiert. Op ausdrécklech Ufro kanns du awer och no de lëtzebuergeschen Tariffer an Tauxe rembourséiert ginn.
Ier s du an ee vun dëse Länner studéiere gees, ass et wichteg ze kontrolléieren, ob deng europäesch Gesondheetsversécherungskaart nach gülteg ass. Wann néideg, kanns du bei denger Krankekeess e provisoreschen Ersatzcertificat ufroen.
Schlussendlech ginn all net rembourséierbar Déngschtleeschtungen (zum Beispill Orthodontie fir Erwuessener, Osteopathie oder Behandlungen duerch Heilpraktiker:innen) och net rembourséiert.
Fir vum Remboursement vu bestëmmte Behandlungen, wéi Physiotherapie oder Kinesitherapie, ze profitéieren, brauchs du eng Bescheinegung, déi confirméiert, datt d’Krankekeess d’Käschten iwwerhëlt. Dës kriss du bei der CNS.
Groussbritannien
Duerch den Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun gëlle fir d’Krankeversécherung nei Bestëmmungen. Zënter dem 1. Januar 2021 gëlle fir Groussbritannien d’Reegelen, déi am Austrëttsofkommes tëscht der Europäescher Unioun a Groussbritannien festgehale goufen.
Den Detail heizou fënns du hei:
Bosnien an Herzegowina, Cap Vert, Nordmazedonien, Marokko, Montenegro, Québec, Serbien, Tunesien oder Tierkei
Heibäi handelt et sech ëm Länner ausserhalb vun der Europäescher Unioun (EU), dem Eurpäesche Wirtschaftsraum (EWR) an der Schwäiz, déi duerch eng bilateral konventioun mat Lëtzebuerg gebonne sinn.
Wann s du an engem vun dëse Länner studéiers, muss du e Formulaire bei der Sozialversécherung vun dengem Studieland areechen, deen bestätegt, datt s du wärend dengem Openthalt Usproch op medezinesch Versuergung hues. Du gëss dann do ageschriwwen a fäls ënnert déi selwecht Bedéngunge wéi d’Awunner vum Land.
De passende Formulaire muss mindestens 15 Deeg virun dengem Depart bestallt ginn.
Wéi eng Formularer fir däi Land wichteg sinn an e Link zu deene Formular fënns du hei:
Du kanns deng Rechnungen direkt bei der zoustänneger Institutioun op der Plaz areechen. Dës rembourséiert d’medezinesch Käschten no den Tariffer an Tauxen, déi am jeweilege Land gëllen.
Alternativ kanns du deng Rechnungen och un déi zoustänneg lëtzebuergesch Krankekeess schécken, fir no de lëtzebuergesche Bedéngungen, Tariffer an Tauxe rembourséiert ze ginn.
Mir roden dir, dech am Viraus bei der zoustänneger Institutioun an dengem Studieland iwwer d’Konditioune fir d’medezinesch Versuergung an de Remboursement z’informéieren.
Privat Déngschtleeschter:innen akzeptéieren déi uewe genannte Formulairen net. An deem Fall mussen d’Käschte fir d’éischt selwer bezuelt ginn. E Remboursement kann dono nëmme bei der zoustänneger lëtzebuergescher Krankekeess ugefrot ginn.
All aner Land
Hei handelt et sech ëm all aner Länner op der Welt ausserhalb vun der EU, dem EWR an der Schwäiz, déi net duerch eng bilateral Konventioun mat Lëtzebuerg verbonne sinn, wéi zum Beispill d’USA oder Australien.
D’Rechnunge vun dëse Länner mussen un déi zoustänneg lëtzebuergesch Krankekeess geschéckt ginn. Si ginn no de lëtzebuergeschen Tariffer an Tauxe rembourséiert, virausgesat, datt dës Tariffer d’Käschten ofdecken.
Fir datt d’Rechnunge kënne rembourséiert ginn, mussen se:
- bezuelt sinn
- detailléiert sinn (mat medezineschen Ausdréck an net mat Coden)
- op Englesch, Franséisch oder Däitsch ausgestallt sinn.
D’Käschte fir medezinesch Behandlungen a Spidolsopenthalter kënne vu Land zu Land staark variéieren a souguer däitlech méi héich sinn ewéi zu Lëtzebuerg. Et kann dofir en Ënnerscheed tëscht den tatsächleche Käschten an dem Remboursement vun der CNS ginn, deen zu Laaschte vun de Versécherten geet.
Wann een sech an engem vun dëse Länner ophält oder do studéiert, ass et dofir recommandéiert, eng zousätzlech Versécherung ofzeschléissen.
Natierlech ass et och hei sënnvoll, sech op der Plaz bei de Sozialversécherungsorganisatiounen iwwer de Fonctionnement vum Gesondheetssystem an d’Käschte vun der medezinescher Versuergung z’informéieren.



