Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?

NSA

Missioun a Beschreiwung

D’NSA Luxembourg a.s.b.l ass eng Associatioun, déi d’Studentinnen an d’Studenten aus de verschiddene Beräicher vun de Fleeg- a Gesondheetsberuffer am Grand-Duché vertrëtt.

Eis Missioun ass et, de Studente eng gemeinsam Stëmm ze ginn, hir Interessen ze vertrieden an den Austausch tëscht de verschiddene Formatiounen an dem Gesondheetssecteur ze fërderen. Mir setzen eis fir eng staark studentesch Gemeinschaft, eng besser Visibilitéit vun de Fleegeberuffer an d’Unerkennung vun de verschiddene Formatiounen an.

Duerch Evenementer, Informatiouns- a Sensibiliséierungsaktiounen, Networking an den Austausch mat Institutiounen a Partner wëlle mir d’Studente wärend hirer Ausbildung begleeden, zesummebréngen an aktiv an d’Entwécklung vun de Fleegeberuffer zu Lëtzebuerg abannen.

Aktivitéiten

  • Afterworks
  • Hikes
  • Quizowend (deen dëst Joer fir déi éischt Kéier statt fanne wäert)
  • Networking-Events an aner sozial Aktivitéiten
Inhalt