-
Fuerschung
Doktorat – Den éischte Schrëtt a Richtung Chercheur
Wat ass en Doktorat?
Och wann déi meescht Student:innen spéitstens nom Master op der Uni ophalen, fir sech an d’Beruffsliewen ze integréieren, hues du och d’Méiglechkeet, nach weider op der Uni ze bleiwen, fir dech an dengem Fach weider ze spezialiséieren. Hues du Loscht, nei Saachen ze entdecken, neit Wëssen ze schafen oder dech méi déif mat enger bestëmmter Thematik auserneenzesetzen? Da kann en Doktorat genau dat Richtegt fir dech sinn.
Den Doktorat (PhD) ass déi héchst akademesch Qualifikatioun, déi een op enger Uni erreeche kann. Et besteet doran, iwwer e puer Joer un engem spezifesche Fuerschungsprojet ze schaffen an nei wëssenschaftlech Erkenntnisser ze gewannen. An der Reegel dauert en Doktorat ronn 3 bis 4 Joer. Um Enn ginn d’Resultater an enger Dokterthees zesummegefaasst a bewäert.
Dobäi bass du als Doktorand:in Deel vun engem Fuerschungsteam a schaffs enk mat enger Betreiungspersoun (Supervisor) zesummen, déi dech duerch däi Projet begleet. En Doktorat gëtt meeschtens op enger Universitéit oder an Zesummenaarbecht mat enger Fuerschungsinstitutioun gemaach, kann awer och an enger privater Entreprise stattfannen.
Wat ass wichteg ze wëssen, wann ech en Doktorat maache wëll?
Am Kader vun engem Doktorat gëss du an der Reegel fir deng Aarbecht bezuelt, soudass e passend Finanzement néideg ass. Et ginn dofir verschidde Méiglechkeeten, wéi zum Beispill Stipendien oder Boursen, déi vun Universitéiten oder Fuerschungsinstitutiounen ugebuede ginn, oder eng direkt Finanzéierung duerch eng Institutioun oder eng privat Entreprise.
En Doktorat ass e längerfristegt Engagement a soll gutt iwwerluecht sinn. Et ass recommandéiert, sech net nëmmen op eng eenzeg Recommandatioun ze verloossen, mee sech och selwer breet z’informéieren – zum Beispill iwwer Fachliteratur, online Plattformen oder am Austausch mat aneren Doktorand:innen.
Zu Lëtzebuerg spillt de FNR (Fonds National de la Recherche) eng wichteg Roll an der Ënnerstëtzung vun der Fuerschung an och vun Doktorand:innen. De FNR bitt ënner anerem Finanzéierungsméiglechkeeten a Programmer un, déi et erlaben, en Doktorat ënner gudde Konditiounen ze maachen.
Wann s du dech fir en Doktorat interesséiers, ass et wichteg, dech fréi iwwer d’Méiglechkeeten, d’Viraussetzungen an d’Finanzéierung z’informéieren.
Fir méi detailléiert Informatiounen iwwert Doktorater an d’Roll vum FNR, kanns du iwwer dës Linken direkt op en aneren Artikel vun eisem Online-Studenteguide oder op fnr.lu weidergeleet ginn:
Wat ass wärend mengem Doktorat wichteg?
Fir deng spéider Carrière ass et interessant, en Doktorat an engem Domaine ze maachen, an deem et nach vill Nofro vun der Industrie gëtt, wéi zum Beispill an de STEM-Domainer (Wëssenschaft, Technologie, Ingenierie a Mathematik). Et ass ëmmer gutt, e Choix ze treffen, deen dech aus der Mass eraushiewe kann. Et ginn och ëmmer méi interdisziplinär Rechercheprogrammer, déi spannend Opportunitéite bidden, fir Neiheeten z’entdecken. Si kënnen awer och Aschränkunge fir deng spéider Carrièresentwécklung mat sech bréngen, zumools wann een an der akademescher Fuerschung wëll bleiwen.
En Doktorat soll net méi wéi 4 Joer daueren (Défense vun der These inclus). Hei ass et wichteg, dass du an där Zäit eng gutt Relatioun souwuel mam Superviseur ewéi och mat den Aarbechtskollegen häls, andeems du mat hinnen a reegelméissegem Kontakt bleifs. Et wier och gutt, wann s du géifs envisagéieren, deen een oder aneren Artikel an de relevante Fachzeitungen ze verëffentlechen. Probéier och, duerch wëssenschaftlech Reseauen eng gewësse Visibilitéit ze erreechen, zum Beispill duerch d’Presentatioun vun denger Aarbecht op wëssenschaftleche Konferenzen, duerch wëssenschaftlech Präisser an duerch Evaluatiouns- oder Editiounsaarbechten. Probéier och, eng gewëssen Erfarung am universitären Enseignement ze kréien, ouni däi Projet aus den Aen ze verléieren.
Zu gudder Lescht, envisagéier och net-wëssenschaftlech Formatiounen en vue vun denger zukünfteger Carrière (z. B. Project Management, Kommunikatioun, etc.). Je no Méiglechkeet wier et och sënnvoll, e Stage wärend dem Doktorat ze maachen, fir deng Perspektiven ausserhalb vum Secteur vun der akademescher Fuerschung ze erhéijen.



