Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten
Drécken

Beruffer a Karriären no engem Doktorat

Eng Carrière an der Fuerschung

Wann s du no dengem Studium oder Doktorat an der Recherche schaffe wëlls, ginn et verschidde Méiglechkeeten, fir eng passend Fuerschungsplaz ze fannen. Zu Lëtzebuerg kanns du dech direkt bei der Uni.lu oder bei enger vun den ëffentleche Fuerschungsinstitutiounen no oppene Posten ëmkucken. Dozou gehéieren ënner anerem de Luxembourg Institute of Science and Technology LIST, de Luxembourg Institute of Health LIH an de Luxembourg Institute of Socio-Economic Research LISER. Op de jeeweilege Karriärssäite vun dësen Institutioune fënns du déi aktuell Aarbechtsméiglechkeeten an der Recherche.

Wann s du och no Méiglechkeeten am Ausland sichs, ass Euraxess eng wichteg Plattform. Euraxess ass en internationale Reseau, op deem Fuerschungsplazen aus de verschiddensten europäesche Länner publizéiert ginn. Hei fënns du ënner anerem Posten als Postdoktorand:in, Chercheur:in oder Ingenieur:in an der Recherche. Och Lëtzebuerger Fuerschungsinstitutioune publizéieren hir Offeren op dëser Plattform.

Nieft den offiziellen Job- a Karriärsplattformen ass et och an der Recherche wichteg, sech e wëssenschaftlecht Reseau opzebauen. Kontakter mat Fuerschungsekippen, Chercheur:innen oder fréiere Betreiungspersoune kënnen dir hëllefen, op nei Méiglechkeeten a fräi Posten opmierksam ze ginn. Et kann dofir och sënnvoll sinn, direkt bei Institutiounen oder Fuerschungsekippen aus dengem Fachberäich nozefroen.

Am Beräich vum geeschtegen Eegentum schaffen - Patentaffekot

Innovatiounen a kreativ Geschafftes brauchen Experten am Beräich vum geeschtegen Eegentum.

D’geeschtegt Eegentum ëmfaasst folgend Themen:

  • Patenter (och Breveten genannt), fir technesch Erfindungen ze schützen déi am Beräich Recherche an Innovatioun wichteg sinn
  • Marken, fir Nimm oder Logoen ze schützen, déi am Beräich Marketing wichteg sinn
  • Design, fir originell Formen am industriellen oder handwierkleche Beräich ze schützen
  • Droits d’auteur, fir Wierker aus dem Beräich vun der Literatur, der Musek, der moderner Konscht, der Architektur, dem Theater, dem Film, asw. an doriwwer eraus och Computer programmen ze schütze

D’Aarbecht vun engem Patentaffekot besteet doranner, Betriber iwwer Patenter ze beroden, technesch Erfindunge vum Client a Konzepter ze verfaassen an dorausser eng Patentumeldung ze maachen. Am Beruff muss ee kënne wëssenschaftlech an technesch Kenntnisser mat Kenntnisser am Patentrecht verbannen.

E.Eng Jurist.in mat enger Spezialiséierung am Beräich vum geeschtegen Eegentum beréit Clienten a juristesche Froen, déi dat geeschtegt Eegentum betreffen, e schafft z. B. Kontrakter aus.

Mat der Qualifikatioun als Avocat à la Cour kann den Affekot zousätzlech d’Rechter vu senge Clientë viru Geriicht verdeedegen.

Viraussetzung fir am Beräich vum geeschtegen Eegentum ze schaffen

D’Viraussetzung, fir am Beräich vum geeschtegen Eegentum ze schaffen ass en Ofschloss vun engem techneschen, naturwëssenschaftlechen oder juristesche Studium.
Weider gefrot si Grëndlechkeet am Schaffen, gutt redaktionell a rhetoresch Kompetenzen, souwéi analytescht Denken a Flexibilitéit fir Themen aus verschiddene Beräicher interdisziplinär ze behandelen.

Nom Studium fänkt een an engem Cabinet de conseil en pro priété industrielle un ze schaffen. Et beréit een Entreprisen an Erfinder iwwer Patenter, Marken an Design. Wärend dräi Joer kann ee parallel zur Aarbecht eng Zousazausbildung beim Europäesche Patentamt maachen, fir en Ofschloss als europäesche Patentaffekot ze kréien.

Méi Detailer zu Beruffer, déi et zu Lëtzebuerg ginn:

Op der Internetsäit vum IPIL GIE fannt dir d’Fichen zu allméigleche Beruffsbiller op Franséisch an op Englesch. Den IPIL kann iech och méi detailléiert Informatioune ginn an iech gegebenenfalls weider Kontakter zu Spezialiste ginn.

Am Beräich vum geeschtegen Eegentum - am Ausland schaffen
  • Patentpréifer beim Europäesche Patentamt (München oder Den Haag) oder
  • Markepréifer beim BeNeLux-Amt fir d’geeschtegt Eegentum (BOIP zu den Haag) oder beim Europäeschen Amt fir d’geeschtegt Eegentum (EUIPO zu Alicante)
  • Als Marken- oder Patentpréifer iwwerpréift een all Dag déi allerneist kreativ an technesch usprochsvoll Innovatiounen, déi een deelweis eréischt Joren duerno um Marché als Produit oder Service gesäit.
Inhalt