Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
< All Sujeten
Drécken

Doktorat – Méiglechkeeten a Finanzéierung (FNR)

E wichtegen Aspekt, un deen ee muss denken, wann een en Doktorat maache wëll, ass engersäits d’Méiglechkeeten, déi et ginn, fir e passende Fuerschungsprojet ze fannen, an anerersäits dat néidegt Finanzement. Dësen Artikel soll dir en Iwwerbléck iwwert déi verschidde Méiglechkeete ginn, déi s du hues, wann s du en Doktorat maache wëlls, an dir déi verschidde Méiglechkeete virstellen, déi de FNR (Fonds National de la Recherche) zu Lëtzebuerg ubitt. Zousätzlech fënns du hei Informatiounen iwwert den neie Gesetzesprojet an d’Ännerungen, déi dëse fir aktuell an nei Doktorand:innen mat sech bréngt, genee esou wéi d’Ännerungen am Zesummenhang mat der AideFi.

Falls du awer fir d’éischt méi genee wëlls wëssen, wat en Doktorat iwwerhaapt ass, da klick hei fir méi Informatiounen:

Méiglechkeeten fir eng Doktoratsplaz an der Recherche

Wann s du op der Sich no enger Doktoratsplaz bass, ginn et verschidde Méiglechkeeten, fir e passende Fuerschungsprojet ze fannen. Zu Lëtzebuerg kanns du dech direkt bei der Uni.Lu (careers.uni.lu ;  uni.lu/en/admissions/doctoral-candidates/) oder bei enger vun den ëffentleche Fuerschungsinstitutiounen informéieren a bewerben. Dozou gehéieren ënner anerem de Luxembourg Institute of Science and Technology LIST (list.lu/careers), de Luxembourg Institute of Health LIH (lih.lu) an de Luxembourg Institute of Socio-Economic Research LISER (liser.lu). Déi aktuell Doktoratsplazen fënns du op de jeeweilege Karriärssäite vun den Institutiounen.

Eng wichteg Plattform fir d’Sich no enger Doktoratsplaz ass och Euraxess (euraxess.ec.europa.eu). Euraxess ass en internationale Reseau, dee vill Informatioune fir jonk Chercheur ubitt. Um europäesche Portal vun Euraxess ginn Doktoratsplazen, Fuerschungsstellen, Boursen a Finanzéierungsprogrammer aus de verschiddenen europäesche Länner publizéiert. Hei fënns du och Offere vu Lëtzebuerger Universitéiten a Fuerschungsinstitutiounen. Euraxess ass dofir net nëmmen interessant, wann s du en Doktorat zu Lëtzebuerg maache wëlls, mee och wann s du no Méiglechkeeten am Ausland sichs.

Nieft der Sich iwwer offiziell Plattformen an Institutioune kann et och hëllefräich sinn, sech iwwer akademesch a wëssenschaftlech Reseauen z’informéieren. D’europäesch Associatioun Eurodoc (eurodoc.net/eurodoc-members) huet national Memberassociatiounen an de meeschten EU-Länner. An dëse Reseaue vun Doktorand fënns du vill Informatiounen iwwert d’Recherche an den Doktorat. Gläichzäiteg kënne si dir hëllefen, Kontakter am Fuerschungsberäich ze knäppen an dech mat aneren Doktorand a Chercheur auszetauschen. LUXDOC (luxdoc.uni.lu) ass déi lëtzebuergesch Memberassociatioun vun Eurodoc.

Et ass och ëmmer eng gutt Iddi, bei denger aktueller Universitéit oder bei Persounen aus dengem Fachberäich nozefroen. Universitéiten a Fuerschungsekippen hunn dacks e groussen internationalen akademesche Reseau a kënnen dech mat Chercheur oder Institutiounen a Verbindung bréngen, déi an dengem Domaine schaffen. Och Professor oder aner wëssenschaftlech Mataarbechter kënnen dir eventuell hëllefen, e passende Projet oder eng Doktoratsplaz ze fannen.

Allgemeng Informatiounen iwwert den Doktorat an d’Fuerschung zu Lëtzebuerg fënns du och op Research Luxembourg (researchluxembourg.lu).

Finanziell Ënnerstëtzung während dem Dokorat

Verschidden Doktoratsplaze ginn direkt mat engem Finanzement fir 3 bis 4 Joer ugebueden, entweder a Form vun enger Bourse oder engem Aarbechtsvertrag. Bei aneren Doktoratsprojete muss dat néidegt Finanzement awer fir d’éischt nach ugefrot ginn. Och dofir ginn et verschidde Méiglechkeeten a Programmer, iwwer déi en Doktoratsprojet finanzéiert ka ginn.

Eng Méiglechkeet bidden europäesch Fuerschungsprogrammer, wéi Horizon Europe mat de Marie Skłodowska-Curie Actions (MSCA), déi ënner anerem international Doktoratsprogrammer ënnerstëtzen. Méi Informatiounen dozou kriss du bei Luxinnovation, dem nationalen Kontaktpunkt fir dës Programmer.

Donieft schreiwen och Fuerschungsinstitutioune wéi d’Uni.lu, de LIST, de LIH an de LISER Doktoratsplaze mat engem Finanzement aus. Et lount sech dofir, reegelméisseg déi jeeweileg Offeren an Ausschreiwunge vun dësen Institutiounen am A ze behalen.

Ee vun de wichtegsten Acteuren zu Lëtzebuerg, wann et ëm d’Finanzéierung vun engem Doktoratsprojet zu Lëtzebuerg oder am Ausland geet, ass de Fonds National de la Recherche (FNR). Dofir fënns du hei eng ganz Rei wichteg Informatiounen iwwert de FNR an déi verschidde Méiglechkeeten, déi en ubitt.

Fond National de la Recherche Luxembourg - FNR

De Fond National de la Recherche (FNR) ass den Haaptfinanzéier vu Fuerschungsaktivitéiten zu Lëtzebuerg. Hien investéiert ëffentlech Mëttel a privat Spenden a Fuerschungsprojeten a verschiddene Beräicher vun der Wëssenschaft an den Humanitéiten, mat engem Fokus op ausgewielte strategesch Kärberäicher. Ausserdeem ënnerstëtzt a koordinéiert de FNR Aktivitéiten, fir d’Verbindung tëscht Wëssenschaft a Gesellschaft ze stäerken an d’Bewosstsinn fir Fuerschung ze erhéijen. Hie beréit och d’lëtzebuergesch Regierung a Saache Fuerschungspolitik a Strategie.

De FNR finanzéiert kompetitiv Fuerschungsprojeten duerch eng onofhängeg wëssenschaftlech Auswäertung (Peer Review). Hien ënnerstëtzt Fuerscher:innen a verschiddene Karriärestadien, vum Doktorat bis zu etabléierte Fuerschungsgruppeleiter:innen (PI), a schafft un der Promotioun vu Wëssenschaft an der Gesellschaft mat.

Wéi eng Finanzéierungsméiglechkeete bitt den FNR fir mäin Doktorat?

Wann s du däin Doktorat zu Lëtzebuerg bei der Uni.lu oder engem vun de lëtzebuergeschen ëffentleche Fuerschungszentre méchs, hues du am Prinzip en Aarbechtskontrakt. Dëse gëtt meeschtens am Kader vum Fuerschungsprojet oder -programm finanzéiert, un deem s du bedeelegt bass.

Mam neien AFdoc-Kader besteet awer och d’Méiglechkeet, en Doktorat am Ausland oder am private Secteur zu Lëtzebuerg mat Ënnerstëtzung vum FNR ze maachen. Wann s du déi néideg Eligibilitéitskrittären erfëlls, kanns du däin Doktorat bei enger auslännescher ëffentlecher Fuerschungsinstitutioun oder Héichschoul maachen, déi Fuerschung oder technologesch Entwécklung als Missioun huet. D’Finanzéierung gëtt dobäi un den Etablissement d’accueil ausbezuelt, fir däin Aarbechtskontrakt ze finanzéieren.

Den Etablissement d’accueil kann och eng Lëtzebuerger Entreprise sinn, déi Fuerschungsaktivitéiten um Territoire vum Grand-Duché duerchféiert an dofir vum Wirtschaftsministère agreéiert ass. Domat erméiglecht den AFdoc och Fuerschungspartnerschaften tëscht Universitéiten oder Fuerschungsinstitutiounen am Ausland a Lëtzebuerger Betriber.

Wichteg ass awer: De FNR schreift selwer keng Doktoratsplazen am Ausland aus. Du muss eegestänneg eng Héichschoul oder Fuerschungsinstitutioun an e passende Fuerschungssujet fannen. Duerno kanns du dech zesumme mam Etablissement d’accueil beim FNR fir den AFdoc bewerben.

Fir eng Aide à la Formation Doctorale (AFdoc) ze kréien, muss du verschidden Eligibilitéitskrittären erfëllen. Eng zentral Viraussetzung ass e bewisene Lien mat Lëtzebuerg. Dëse kann entweder iwwer deng schoulesch oder akademesch Ausbildung oder iwwer deng Residenz zu Lëtzebuerg nogewise ginn.

Du muss dofir entweder mindestens fënnef kumuléiert Schouljoer am Lëtzebuerger Enseignement fondamental, secondaire oder an der Formation professionnelle initiale, am Schengelycée, an engem Bachelor- oder Masterprogramm vun der Uni.lu oder an engem akreditéierten BTS- oder spezialiséierten Héichschoulprogramm zu Lëtzebuerg absolvéiert hunn. Alternativ muss du beim Zäitpunkt vun der Demande mindestens fënnef kumuléiert Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn. Deng Nationalitéit spillt dobäi keng Roll: Entscheedend ass däi Lien mat Lëtzebuerg an net däi Pass.

Zousätzlech muss du an engem Programm vum drëtte Cycle ageschriwwe sinn, deen zu engem akademeschen Doktertitel vum Niveau 8 vum Cadre luxembourgeois des qualifications féiert. Du däerfs nach keen Doktertitel hunn a keng Alterspensioun bezéien. Och däin Etablissement d’accueil muss den entspriechende Konditiounen entspriechen: Et muss entweder eng auslännesch ëffentlech Institutioun sinn, déi Fuerschung oder technologesch Entwécklung als Missioun huet, oder eng agreéiert Lëtzebuerger Entreprise mat Fuerschungsaktivitéiten.

De FNR muss zwee Appeller pro Joer fir den AFdoc lancéieren. A priori wäerten d’Deadlines jeeweils am November an am Abrëll sinn. Déi genau Datumer an d’Call-Annoncë ginn op fnr.lu an op mengstudien.lu publizéiert. Déi nei AFdoc-Appeller ginn nom Akraafttriede vum neie Gesetz lancéiert.

D’Roll vum FNR hält net mat der Bewëllegung vun der Finanzéierung op. De FNR huet wärend dem ganzen Doktorat eng aktiv Begleedungs- a Kontrollroll.

Am Kader vum AFdoc gëtt eng Dräiparteiekonventioun tëscht dem FNR, dem Etablissement d’accueil an dir als Doktorand:in ofgeschloss. An dëser Konventioun ginn d’Rechter an d’Flichte vun de verschiddene Parteie festgehalen, dorënner d’Finanzéierungsmodalitéiten, de Suivi, d’Kontroll an d’Bewäertung vun de Resultater.

Wärend dem Doktorat mussen du an däin Etablissement d’accueil reegelméisseg Fortschrëttsrapporten erstellen. De FNR iwwerpréift dobäi ënner anerem de Fortschrëtt vun der Fuerschung, d’Qualitéit vun der Ausbildung an ob d’Konditioune vum Grant an der Konventioun agehale ginn.

Wann s du mat enger Entscheedung net averstane bass, besteet och eng Reklamatiouns- a Rekursméiglechkeet. Du kanns fir d’éischt eng Reklamatioun bei der FNR-Commission des litiges areechen an duerno, wann néideg, e Recours beim Verwaltungsgeriicht maachen.

Wat ännert sech fir Doktorand:innen duerch den neie Gesetzesprojet?

Mam neie Gesetzesprojet ännere sech verschidde Saache fir aktuell an zukünfteg Doktorand:innen. Eng vun de wichtegsten Ännerunge betrëfft d’AideFi. Mam zäitgläichen Akraafttriede vum neien FNR-Gesetz a vum neien AideFi-Gesetz soll d’AideFi op Bachelor-, Master- a Studie vum Cycle court (BTS) limitéiert ginn. Doktoratsstudien, déi zum drëtte Cycle gehéieren, falen deemno net méi ënnert d’AideFi.

Fir Doktorand:innen, déi schonn virum Akraafttriede vum neie Gesetz AideFi kruten, ass awer eng Iwwergangsphase virgesinn. Si kënnen d’AideFi weiderhin ënnert de Konditioune vum ale Gesetz vun 2014 kréien. Déi nei Reegelung gëllt also net retroaktiv.

Och fir Doktorand:innen, déi virum Akraafttriede vum neien FNR-Gesetz schonn en AFR-Grant (Aide à la formation recherche) kruten, ass eng Iwwergangsreegelung virgesinn. Si behalen hire Grant ënnert de Konditioune vum ale FNR-Gesetz vun 1999 a mussen dofir keng nei Demande maachen.

Fir nei Doktorand:innen nom Akraafttriede vum neien FNR-Gesetz gëllt dogéint den neien AFdoc-Kader. Si kënnen sech fir déi nei Finanzéierungsméiglechkeeten am Kader vum AFdoc bewerben, kréien awer keng AideFi méi fir hiren Doktorat.

Doktorand:innen, déi zu Lëtzebuerg am Kader vun anere FNR-Finanzéierungsinstrumenter oder Fuerschungsprojete beschäftegt sinn, sinn net direkt vun dëser Ännerung betraff. Si sinn als Salarié bei hirer Fuerschungsinstitutioun agestallt a sinn net direkt Beneficiaire vum AFdoc.

Inhalt