Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
Drécken

Eng Wunneng fannen

Abordabel Wunnengen

Jonk Leit mat engem méi niddregen Akommes hunn d’Méiglechkeet, eng Wunneng iwwert e Partner, dee vum Ministère fir Wunnengsbau konventionéiert ass, ewéi z.B. d’AIS, d’Wunnengshëllef etc. ze lounen. De Partner stellt d’Wunneng, zu engem abordabele Präis zur Verfügung. Déi konventionéiert Partner fënns du ënnert dem Button hei drënner.

Wunnengen um Privatmarché

D’Sich no enger Wunneng um private Marché geet meeschtens iwwert Annoncen (Verkaf a Locatioun), déi an der Zeitung an op bestëmmten Internetsitte publizéiert ginn, z.B. op www.athome.lu. Du kanns awer och direkt iwwert eng Immobilienagence fueren. D’Informatioune vum Observatoire de l’Habitat kënnen dir heibäi och ganz nëtzlech sinn. Dee sammelt all d’Donnéeën iwwert de Wunnengsmaart an analyséiert d’Offeren an d’Präisser vun de Wunnengen an de Bauterrainen.

Inhalt