Skip to main content
Skip to main content
Du fënns net wat s du brauchs?
Drécken

Eng Wunneng lounen

Wann s du iwwert eng Immobilienagence fiers, fir eng Wunneng ze lounen, muss du dir bewosst sinn, dass an der Reegel d’Fraise fir d’Agence bei engem Mount Loyer leien, wou dann nach eng Kéier 17% TVA dobäi kommen. Och d’Garantie locative fir de Propriétaire vun der Wunneng ka bis zu 3 Méint Loyer ausmaachen.

Ganz wichteg: De Loyer vun der Wunneng dierf net iwwert 5% vum Kapital leien, dat de Proprietaire an d’Wunneng investéiert huet.
Maximale Loyer = investéiert Kapital * 0,05:12

Kuck och um Site vu Logement.lu, fir dech iwwert d’Demarchë fir d’Locatioun vun enger Wunneng an iwwert déi verschidde Bäihëllefen ze informéieren:

  • d’Subvention de Loyer (Déi Hëllef kann ugefrot ginn wann de Loyer iwwert 25% vum Netto-Akommes ausmécht)
  • d’Garantie locative (Informatiounen dozou ginn et bei Logement.lu,  des aides au logement)
Inhalt